Halloween steet virun der Dier






























Den 31. Oktober ass et erëm sou wäit: Halloween! A wéi all Joer stellt sech d'Fro, wéi eng Verkleedung et dës Kéier soll sinn.
D’Simone Antoine geréiert e Verkleedungsbuttek zu Waasserbëlleg mat iwwer 20.000 Artikelen. Hier no géingen Erwuessener aktuell vill Kostümer aus Filmer an Netflix-Serië wëlle kafen. Dat wieren zum Beispiller Kostümer aus “Wicked” oder “Terrifier”. Wichteg wier awer och de Maquillage an do géing een haut sou professionell Saachen ze kafe kréien an et wier zimmlech einfach, doheem mat Hëllef vu Youtube-Videoen eppes Guddes hinzekréien, sou nach d’Simone Antoine weider.
Mee net nëmme Kostümfans kommen op hir Käschten: zu Keespelt huet de Bauer Franky Peller seng Felder an en Halloween-Maislabyrinth verwandelt, wou Kanner an Erwuessener e schéinen Ament an der Natur verbrénge kënnen. Mat vill Häerzblutt a Kreativitéit verbënnt hien d’Hierschtzäit mat Halloween. Zesumme mat senger Fra huet hien an engem Maislabyrinth puer Statiounen zum Thema Halloween opgeriicht. Eng 30 Minutte brauch ee fir derduerch ze goen an duerno kann ee sech dann och nach e Kalbass um Feld eraussichen. Op 4 Hektar huet hien e grousse Gaart, do kann ee Blumme plécken oder Geméis an ebe Kalbasse frësch asammelen. Vun Abrëll bis November kann een heihikommen an dat elo scho fënnef Joer laang. All Joer géing ee méi grouss ginn. D’Halloween-Labyrinth huet dann och immense Succès, besonnesch weekends géing ee vu Leit quasi iwwerschwemmt ginn.