Engem neie Ranking no sinn d'Awunner zu Hamburg net just zefridden, mä och am glécklechsten. Allgemeng wier d'Zefriddenheet an Ostdäitschland méi grouss.

Insgesamt hätt sech d'Liewenszefriddenheet vun den Däitschen "op engem héijen Niveau" stabiliséiert, wéi e Méindeg aus dem SKL-Glückatlas ervirgeet, deen zu Berlin virgestallt gouf. De Glécksniveau ass deemno dëst Joer am Verglach zum Joer virdrun op enger Skala vun 0 bis 10 ëm 0,03 Punkte geklommen a läit domat mat 7,09 Punkten um Niveau vu viru Corona.

"D'Erhuelung no der Pandemie ass ofgeschloss", huet de Wirtschaftswëssenschaftler Bernd Raffelhüschen, wëssenschaftleche Chef vun der Etüd erkläert. De bis ewell déifste Punkt louch am Corona-Joer 2021 bei engem Gléckswäert vu 6,58 Punkten.

Gemooss gouf d'Liewenszefriddenheet unhand vun enger Skala vun 0 fir "iwwerhaapt net zefridde" bis 10 fir "komplett zefridden". D'Wuelbefannen ënnert den Awunner war deemno virun allem am Oste vun Däitschland am héchsten. Am Verglach zum Joer virdrun ëm 0,12 Punkte méi. Am Weste vum Land gouf et ee mini Plus vu just 0,02 Punkten.

Och regional gekuckt, ënnerscheet sech d'Liewenszefriddenheet.

Zu Hamburg liewen deemno déi glécklechst däitsch Awunner mat 7,33 Punkten. Dono komme Bayern a Rheinland-Pfalz mat allkéiers 7,21 Punkten. Knapp hannendru kommen nach Nordrhein-Westfalen (7,19) a Schleswig-Holstein (7,12). Méi um Enn vun der Lëscht leie wéi d'Joer virdrun nees Bremen (6,89), Berlin (6,83) an d'Saarland (6,78). Mecklenburg-Vorpommern kënnt mat 6,06 Punkten zum Schluss.

Bei der Zefriddenheet mat der Aarbecht, der Famill an der Fräizäit geet de positiven Trend och liicht erop. Eenzeg d'Zefriddenheet iwwert d'Akommes ass am Verglach mam Joer virdrun ëm 0,12 Punkte gefall a läit domat ëm 0,58 Punkten ënnert dem Wäert vun 2019. Dee Réckgang betrëfft ausschliisslech déi ënnescht Akommesgruppen.

De Glückatlas berout op Questionnairen, déi ee Mol de Mount, vum Institut für Demoskopie Allensbach am Optrag vun der Süddeutschen Klassenlotterie (SKL), gemaach ginn. Gefrot goufe ronn 13.900 Persounen am Alter vu 16 Joer un am Zäitraum vu Juli 2024 bis Juni 2025.