An der hollännescher Haaptstad gouf gefeiert, mat kinnekleche Gäscht, engem Concert an enger riseger Taart.

De 27. Oktober 1275 huet de Grof Florens V. vun Holland en Dokument opgesat, an deem Amsterdam fir eng alleréischte Kéier ernimmt gouf. Dëst Dokument, dat de Bewunner vun enger Siidlung bei der Amstel Privileegien op importéiert Wuer garantéiert huet. Domat war och quasi eng vun de bedeitendsten Handelsstied an Europa gebuer.

Dat ass deemno elo 750 Joer hier an definitiv e Grond ze feieren.

Um 7.50 Auer huet an deem Sënn d'Amsterdamer Buergermeeschtesch Femke Halsema um Dam, der zentraler Plaz vun der Haaptstad, eng 75 Meter laang Taart ugeschnidden. Déi rekordverdächteg Taart mam Wopen drop war an de Faarwe rout a wäiss vun der Stad gehalen a gouf dono a sämtleche Quartieren un d'Leit verdeelt.

Queescht duerch Amsterdam konnt ee musikalesch Highlighten an Ausstellungen entdecken. Zum Ofschloss war ee grousse Concert organiséiert, bei deem och de Kinnek Willem-Alexander, seng Fra Máxima an d'Krounprinzessin Amalia present waren. Fir d'Feierlechkeeten ze clôturéieren, huet de Kinnek symbolesch d'Luuchte vun Amsterdam ugefaangen.

RTL

© AFP

Feierlechkeeten dat ganzt Joer

Amsterdam huet net just um 27. Oktober hiert Bestoe gefeiert, ma e ganzt Joer iwwer gouf et speziell Evenementer. Den Héichpunkt war fir déi meescht vun de ronn 800.000 Awunner ganz sécher de Festival op der Autobunn am Summer. De Ring war souguer 24 Stonne laang fir den Trafic gespaart. Eleng dat war schonn en Highlight, wéini kann ee soss gemittlech iwwert den Amsterdamer Ring spadséieren, iessen, drénken a feieren.

Et war souguer esou speziell, dass sech 75 Koppelen deen Dag d'Jo-Wuert ginn haten an et war mat 750 Beem e Bësch opgeriicht ginn.

Wann een et awer streng hëlt, ass Amsterdam nach e gutt Stéck méi al, well schonn 1170 hunn op där Plaz un der Amstel scho Leit gelieft.