Vum 23. bis de 26. Oktober war zu Essen déi sougenannt "SPIEL Essen 2025", déi gréisst Brietspill-Foire op der Welt.

No véier ausverkaaften Deeg hunn d'Organisateuren elo de Bilan gezunn. 220.000 Visiteure goufen am Ganze gezielt, domat gouf de Rekord aus dem Joer 2019 däitlech gebrach. Op 77.500 Metercarré haten 948 Aussteller aus méi wéi 50 Natiounen iwwer 1.700 nei Brietspiller presentéiert. Fir dem groussen Interessi vun de Visiteuren an och der grousser Demande vun den Aussteller gerecht ze ginn, gouf dëst Joer eng komplett weider Hal zousätzlech opgemaach.

Donieft gouf e Freideg op der Foire och een neie Weltrekord fir dat gréisst CATAN-Spill opgestallt. Fir den 30. Gebuertsdag hat de Verlag en Opgeruff gestart a sou hate sech 1.170 Mënschen zesummefonnt, fir dat beléifte Brietspill gläichzäiteg ze spillen. Sou vill wéi nach ni virdrun.

RTL

© SPIEL Essen/Lars Heidrich

Virum Optakt vun der Foire gouf zu Essen och nees den "Deutsche Spiele Preis" verginn, wou all d'Leit aus Däitschland, Éisträich an der Schwäiz fir hiert Liblingsspill ofstëmme konnten. Gewonnen huet dëst Joer "SETI: Auf der Suche nach außerirdischem Leben" vum Tomas Holek. Déi zweet Plaz war fir "Eneavor: Die Tiefsee" vum Carl de Visser an dem Jarrat Gray an op déi drëtt Plaz huet et "Bomb Busters" vum Hisashi Hayashi gepackt.