"D'Bull duerch all Gemeng rulle loossen"
Zanter Kuerzem ginn et am Mëllerdall zwou Jickebunnen aus Holz – si sinn déi nei Attraktioun fir Touristen, awer och d'Kanner aus der Regioun.
D'Gemenge Bäerdref a Waldbëlleg sinn ëm eng weider Attraktioun méi räich. Bei der Heringer Millen a nieft dem Infozenter zu Bäerdref gëtt et eng nei Jickebunn – an d'Struktur ass aus Holz.
















































































Wärend de Wanterméint gouf un dëser Konstruktioun geschafft. Hëlze Bulle mat engem Duerchmiesser vu 45 Millimeter siche sech hire Wee duerch déi eenzel Bunnen. Zu Bäerdref hu sech d'Spillschoulskanner bei der Jickebunn gutt amuséiert.
Dëse Pilotprojet, deen och Uklang beim Tourismusminister fënnt, soll och an anere Gemenge vum Mëllerdall an doriwwer eraus kënnen ëmgesat ginn. D'Bulle sollen duerch déi eenzel Mëllerdall-Gemenge rullen, dëst ass d'Grondiddi.