"Travel asleep across Europe". Ënnert deem Motto wäert vu Mëtt November un deen éischte Reesbus duerch Europa fueren, an deem Ee sech komplett ka leeën.

"TWILINER" – Dat ass den Numm vum Bus a vun der Schwäizer Start-Up-Firma, déi dësen an d’Liewe geruff huet. E bitt eppes, wat et bis ewell esou nach net an Europa ginn ass. Nämlech 21 Schlofsëtzer, änlech wéi an der Business-Klass am Fliger, déi och de Sécherheetsnormen am Stroosseverkéier gerecht ginn. Déi Lëtzebuerg Busentreprise Emile Weber bedreift zwee vun den neie Bussen an erhofft sech domat, den zukünftege Clienten eng confortabel, nohalteg a flexibel Alternativ zum Zuch a Fliger kënnen ze bidden. Den Attaché de direction vum Grupp Emile Weber, de Philippe Heinisch, erkläert:
 
"Twiliner a virun allem d’Sëtzer, dat ass wierklech eng Innovatioun. Dat gouf et sou nach net an Europa, dass ee kann iwwer Nuecht komplett leien an engem Bus, an dëst och legal a sécher. Mir gesinn eis am Fong komplementär zu den Nuetszich. Dass mir soen: 'mir bidden eng confortabel Alternativ op deene Strecken, wou d’Demande net héich genuch ass oder wou et einfach keng Schinne gi fir den Zuch.' A Leit, déi soen, ok Flixbus ass schéin a gutt, ass och bëlleg, mee Confort ass eppes anescht. An do bidde mir halt déi confortabel Alternativ dozou."
 
An enger éischter Phas wäert den Twiliner-Bus tëscht Zürich an Amsterdam hin an hier fueren, mat och enger Statioun um Bouillon an der Stad. Déi zweet lo Mol nach geplangt2 Streck geet vun Zürich op Barcelona. De Präis pro Faart läit bei 155 bis 250 Euro op de Kapp, je no Streck a Saison. Tickete kann een online buchen.