Onbekannte schéisst mat Feiler op Schwan - liewensgeféierlech blesséiert
© AFP-Archiv
No engem erschreckende Fall vun Déierequälerei sicht d'Tréierer Police elo no Zeien.
E Sonndeg de Moien ass der Polizeiinspektion Trier ee schwéier blesséierte Schwan um Bord vun der Musel gemellt ginn, net wäit fort vum Schlass Monaise. D'Déier war vun engem bis ewell nach onbekannten Täter, dee mat Feiler a Bolzen op et geschoss huet, liewensgeféierlech blesséiert ginn.
D'Wasserschutzpolizei Trier huet d'Ermëttlunge wéinst Verdacht op "Jagdwilderei" an de Verstouss géint d'Déiereschutzgesetz opgeholl.
D'Police hofft op Hëllef aus der Populatioun a sicht no méiglechen Zeien oder Leit, déi soss Hiweiser kënne ginn. Dës kann ee mellen un d'Nummer 0049 651 938190 (Wasserschutzpolizei Trier) oder 0049 651 983 44150 (Polizeiinspektion Trier).