An eiser Serie "Een Dag am Liewen vun" geet et dës Kéier an de Centre de Ressources op der Areler Strooss.

Wat geschitt mat eisem Dreck nodeems mir en do ofginn hunn?

Zu Lëtzebuerg produzéiert all Awunner op de Kapp ronn 790 Kilo Offall am Joer. Dat ass méi ewéi den EU-Duerchschnëtt. A gläichzäiteg ginn awer hei am Land iwwer 45.000 Tonne Material am Joer gesammelt fir ze recycléieren: Glas, Pabeier, Metall, Holz, Elektro-Schrott a villes méi. An all Dag kënnt nees e bëssi méi dobäi.