D'Verbraucherschutzorganisatioun "Foodwatch" huet e Rechtssträit mam Jus-Produzent "Voelkel" gewonnen.

Dësen dierf elo net méi d'Wuert "Immunkraft" notzen, fir Reklamm fir säi Multivitamin-Jus "Bio C" ze maachen. Dat huet d'Landgericht Lüneburg decidéiert. Bei der Verbraucherschutzorganisatioun weist ee sech mam Urteel zefridden. "D'Linn ass kloer: Vitaminne si kee Fräifaartsschäi fir Wonner-Verspriechen", esou d'Erklärung vum Rauna Bindewald vu "Foodwatch" e Méindeg.

"Foodwatch" hat sech fir seng Plainte op d'EU-Health-Claims-Veruerdnung bezunn, déi beseet, dass en Hiersteller Aussoen iwwer gesondheetlech Beneficer vu senge Produite just dierf maachen, wa se kënne wëssenschaftlech beluecht ginn.

"Voelkel" hat viru Geriicht argumentéiert, dass sech d'Ausso iwwer de gesondheetlechen Notze vum Jus kloer op d'Vitaminne géif bezéien, déi an dësem sinn. D'Geriicht huet dat awer net gëlle gelooss. Et wier zoulässeg ze soen, dass d'Vitaminnen A an C zu enger normaler Funktioun vum Immunsystem bäidroen, ma d'Wuert "Immunkraft" géif suggeréieren, dass d'Wierkung vum Jus iwwer eng normal Ënnerstëtzung vum Immunsystem géif erausgoen.

"Voelkel" dierf d'Wuert "Immunkraft" elo net méi op d'Etikett vum Jus printen an et och soss net méi benotzen, fir Reklamm fir de Jus ze maachen. Sollt de Produzent dat awer maachen, dreet eng Geldstrof vun 250.000 Euro.