Zwee jonk Fuerscher aus Lëtzebuerg mat Ëmwelt-Präis ausgezeechent
© FJSL
Zwee jonk Fuerscher aus Lëtzebuerg goufe bei enger internationaler Expo zu Bali fir hir Recherche zum Thema Lithium-Ionen-Batterien ausgezeechent.
Zwee jonk Fuerscher aus dem Grand-Duché ware rezent bei der "International Science and Invention Fair" (ISIF) zu Bali, vu wou si eng Auszeechnung mat heem bruecht hunn. De Martin Rajadel-Cachau an de Benedict Sloboda goufen an der Kategorie "Ëmwelt" mam "IYSA Semi Grand Award" ausgezeechent.
D'Schüler haten hire Projet "Ëmwelt a sozial Auswierkunge vu Lithium-Ionen-Batterien" fir d'éischt beim nationale Concours fir jonk Fuerscher vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL) agereecht. D'Etüd, déi d'Jury duerch eng déifgräifend Analys an ee klore nohaltege Fokus iwwerzeegt hat, huet si schliisslech op Bali gefouert, wou bal 280 Projete vu 24 Länner presentéiert goufen.










D'FJSL-Direktesch Sousan Eang, déi di zwee begleet huet, huet an engem Communiqué gesot, datt d'Auszeechnung e wichtegt Zeeche fir de Wäert vun der jonker Fuerschung am Land ass – grad well dat hei déi éischte Kéier war, datt d'Fondatioun zu Bali dobäi war. "Bei eiser éischter Participatioun direkt e Präis ze gewannen ass wierklech bemierkenswäert", sou d'Direktesch.
De Martin Rajadel-Cachau huet d'Erfarung als wäertvoll beschriwwen an dobäi ervirgehuewen, datt och wann d'Konkurrenz grouss war, dëst hinnen erméiglecht huet, hire Projet méi Leit méi no ze bréngen.