De Poopst Leo XIV. huet e Samschdeg Filmstare wéi Cate Blanchett, Monica Bellucci a Viggo Mortensen am Vatikan empfaangen.

Den US-Realistaeur Spike Lee, deen als gréisste Basketsfan vun allen Zäite bekannt ass, huet dem kierchleche Chef wärend der Audienz ee ganz besonnesche Kaddo gemaach: e personaliséierten Trikot vu sengem Liblingsveräin, den New York Knicks.

Iwwer enger grousser 14 steet an englescher Schrëft "Pope Leo".

Iwwer 100 Persounen aus der Filmbranche waren an de Vatikan invitéiert ginn, dorënner och d'Realisateure Gus Van Sant a Judd Apatow souwéi d'US-Actrice Alison Brie an d'Filmproduzenten Dario Argento a Matteo Garrone aus Italien.

De Poopst Leo XIV. huet a enger Usprooch de Kino gewierdegt als Medium vun der Hoffnung:
"Wann déi magesch Luucht vum Kino d'Däischtert erhellt, schéngt et gläichzäiteg an den Ae vun de Séilen". 

Kinosfilmer kéinten de Mënschen dobäi hëllefen, "iwwert dat eegent Liewen nozedenken, d'Komplexitéit vun den eegenen Erfarunge mat aneren Aen ze gesinn an d'Welt wéi eng éischte Kéier ze betruechten". Dat géif ville Mënschen Hoffnung ginn.

D'Oscar-Gewënnerin Cate Blanchett huet dem Poopst mat ganz besonnesche Wierder Merci gesot: 
"Ech wënscht mer, d'Kulturministeren op der ganzer Welt géife sech dat zu Häerz huelen".