20 nei Beem a 70 Meter Hecke geplanzt
© Chris Meisch / RTL
Um "Dag vum Bam", enger landeswäit Aktioun, leeschten iwwer 40 Gemengen, Veräiner an Entreprisen op hir Manéier e Bäitrag fir Naturschutz a Biodiversitéit.
En Donneschdeg scho goufen zu Huelmes an der Gemeng Helperknapp déi éischt Beem an de Buedem gesat.
Ronn 20 vun den am Ganze 50 Beem goufen zu Huelmes gesat. Dorënner ënnert anerem Eechen, Nësserten a Maasselter, op däitsch Ahorn. De Patrick Losch ass President vun der Stëftung Hëllef fir d‘Natur. Hie seet, datt et déi richteg Saison ass fir Beem ze planzen.
"Well elo d‘Beem zur Rou komme fir d‘Wanterrou, an dann deet een hinnen am mannste Wéi, wann ee se elo aus dem Buedem eraus hëlt, fir se erëm op eng aner Plaz an de Buedem ze setzen. Da si se, wann et rëm am Fréijoer drëms geet, fir lasszeleeën, prett am Buedem, fir de Sprint ze maachen am Fréijoer, fir dass d‘Blieder wuessen."




















































D'EU huet Wëlles bis 2030 dräi Milliarden nei Beem ze planzen, op Lëtzebuerg gerechent sinn dat 1,7 Millioune Beem. Mat Initiativen ewéi dëser, wëll een säin Deel dozou bäidroen. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet viru senger Rees op d'Weltklimakonferenz a Brasilien zu Huelmes eng Hand mat ugepaakt.
"Mir maache lauter Initiativen, datt och Gemenge kënne méi Beem planzen an och Privatleit u sech kënnen ee Bonus kréien, e Subside kréien, fir datt och si sech ëm hir Bëscher këmmeren an ech iwwerleeën och, ob mir net sollen en Incentive ginn, fir och Eenzelpersounen, wa si ee Bam géife bei sech planzen oder Gréngs bréngen, datt dat och nach kéint finanziell ënnerstëtzt ginn."
Och Kanner aus dem drëtte Schouljoer aus der Gemeng Helperknapp hu sech bedeelegt, andeems si um nämmlechten Terrain iwwer 70 Meter Hecke geplanzt hunn. Fir de Ben Baus, Schäffen an der Gemeng Helperknapp, ass et wichteg déi jonk Generatioune mat anzebannen.
"Ech si ganz frou, dass mir hei och ëmmer ganz vill Schoulklasse kënnen empfänken, fir dass déi Klengst direkt léieren, wat et heescht, e Bam ze planzen, wat et heescht, mat der Natur an och mat eisen Déieren ëmzegoen."
Den Dag vum Bam gouf 1992 vun der Fondatioun "Hëllef fir d'Natur" lancéiert.