Den Ayrton Senna ass eng Ikon aus dem Rennsport a säin Doud 1994 een trageschen Accident, deen d’Rennsportwelt nohalteg gepräägt huet.

Dës Woch ass d'"Ayrton Senna Forever"- Expo opgaangen am neien Eventkomplex zu Wickreng. Dat gehéiert alles zum Konzept, wéi den Alex Giorgetti vu GridX erkläert: "Dat ganzt Konzept wat mir hei opgebaut hunn, ass relativ unique. Mir nennen et eng Galerie d'Art Automobile, wou mir eng Partie Musée hunn, wou mir elo hei stinn, an eng zweet Partie wou mir och ganz unique Autoen ausstelle wäerten. Bësse wéi an enger Galerie d'Aart traditionelle."

Déi éischt 6 Méint wäert een d'Ausstellung vum Ayrton Senna gesinn. Dem Pilot kënnt een hei ganz no. Nieft sengen Uniforme ginn et Ausschnëtter aus sengem Film. Esou kritt ee seng Liewensgeschicht no an no erzielt. Virun allem awer stinn do och d’Autoen, an deenen hie gefuer ass.

"Et si lauter Originalautoen vum Ayrton Senna, d'Collectionneure wëssen dat ze schätzen. Ech soen elo net de genaue Wäert, well ech en och souwisou net weess, mee mir sinn do awer net wäit insgesamt vum zweestellege Milliouneberäich fort fir déi ganz Sammlung. Also dat ass scho considerabel. Mee wat vill méi wichteg ass, dat ass d’sentimental Valeur an déi historesch Valeur, déi déi Autoen do hunn", ënnersträicht den Thomas Berns, deen Head of Automotive ass.

Tickete fir d'Expo ginn et online um Site vum Veranstalter, oder et kann ee se op der Plaz kafen. Et ass déi zweete Kéier iwwerhaapt, dass een d'Ausstellung an där Form kucke kann. Virdru stoung si am Autosmusée zu Turin an Italien. A Partnerschaft mam Museo Nazionale dell'Automobile (Mauto) ass dëse Projet och entstanen.