Jakarta iwwerhëlt Tokio als gréisst Stad op der Welt
© AFP (Archiv)
Déi indonesesch Haaptstad zielt engem aktuellen UN-Rapport no mat 42 Milliounen Awunner méi Awunner wéi all aner Metropol op der Welt.
An der indonesescher Haaptstad Jakarta liewe knapp 42 Millioune Leit. D'Stad ass domadder déi Stad mat de meeschten Awunner an Awunnerinnen op der Welt. Dat geet aus engem aktuelle Rapport vun de Vereenten Natiounen ervir. Asien dominéiert de Ranking vun de Megastied. Nach virun e puer Joer louch Tokio op Plaz 1, elo läit déi japanesch Haaptstad mat ronn 33 Milliounen Awunner op Plaz 3, hannert Dhaka (Bangladesch), dat knapp 40 Millioune Leit zielt.
Een Haaptfacteur fir de Wuesstem vu Jakarta ass déi enorm Migratioun am Land: Leit aus ländleche Regioune stréimen an d'Stied, fir hir wirtschaftlech Chancen ze notzen. Och déi administrativ Definitioun vun der "urbaner Regioun" spillt eng Roll - de Ballungsraum "Greater Jakarta" ëmfaasst vill ugrenzend Stied a Viruerter.
D'Zuel vun de Megastied - also Stied mat méi wéi zéng Milliounen Awunner - huet sech zanter 1975 vervéierfacht: vun aacht op aktuell 33. 19 dovunner leien an Asien. An den Top 10 vun de Mega-Citys ass nëmmen eng net-asiatesch Stad vertrueden: Kairo an Ägypten. D'UN ginn dovunner aus, datt dësen Trend unhält.
Véier Stied sollen de Prognosen no bis 2050 zu enger Mega-City ginn. Zu dëse Stied gehéieren Addis Abeba (Ethiopien)
Daressalam (Tansania), Kuala Lumpur (Malaysia) an Hajipur (Indien).
A verschiddene Stied ass awer och schonn en Trend an déi aner Richtung ze gesinn. Beispillsweis a Stied wéi Mexiko-City oder Chengdu geet d'Zuel vun den Awunner zeréck.