Zwee Influencer hunn hiert eegent Bild am Louvre opgehaangen
© Photo by ERIC BRONCARD / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP
Knapp ee Mount zanter dem groussen Déifstall am Louvre goufen d'Sécherheetsmesurë vum Musée zu Paräis op en Neits op d'Prouf gestallt.
An engem Video, deen de 14. November vum Kanal Neal & Senne op der Plattform TikTok verëffentlecht gouf, weisen zwee Influencer aus der Belsch, wéi si hiert eegent Bild an de Louvre schmuggelen an dat dann onbemierkt ophänken. Fir d'Bild kënnen ouni Probleemer laanscht d'Sécherheetskontrollen an de Musée eranzebréngen, hu si sech fir eng Rumm aus Lego-Stécker entscheet, déi si an enger Pabeiertut transportéiert a bannen zesummegebaut hunn. Nodeems dann nach d'Bild, mat engem Portrait vun deenen Zwee am passende Stil, an d'Rumm gestach gouf, hu si op de richtege Moment gewaart, fir d'Bild opzehänken.
Géint 17.30 Auer, wéi déi éischt Visiteure, wéinst der Fermeture um 18.00 Auer, opgefuerdert goufen, a Richtung Sortie ze goen, hu si hir Chance genotzt an d'Bild an der berüümter "salle des États" nieft d'Biller vun der venezianescher Molerei aus dem 16. Joerhonnert opgehaangen. No enger séierer Foto hu si sech da mat deenen anere Visiteuren op de Wee Richtung Sortie gemaach.
Stellungnam vum Louvre - Plainte gëtt a Betruecht gezunn
Déi franséisch Tëleeschaîne "BFM TV" huet wéinst dem viralen TikTok-Video Kontakt mam Louvre opgeholl, fir iwwert de Virfall ze schwätzen. De Portrait hätt deemno net laang iwwerlieft. A "manner wéi dräi Minutten", nodeems en opgehaange gouf, soll e vu Sécherheetsleit vum Musée entdeckt an nees erofgeholl gi sinn, heescht et an der Äntwert vum Musée. Op d'Fro, wéi d'Bild mat der Rumm iwwerhaapt konnt erageschmuggelt ginn, huet de Louvre betount, datt et sech ëm keng verbuede Géigestänn gehandelt hätt, déi hätte confisquéiert kënne ginn, a sou hätt een hinnen och net d'Entrée an de Musée verbidde kënnen.
Ganz ouni Strof kommen déi zwee Influencer vun der ganzer Aktioun awer warscheinlech net dovun. Wéi de Louvre weider matgedeelt huet, géif een, obwuel kee finanzielle Schued entstane wier, eng Plainte géint si a Betruecht zéien.