D'Sängerin schéngt et vun hirem Papp verierft kritt ze hunn.

D'Dolly Parton ass 79 Joer al a steet all Moien um 3 Auer op. Matten an der Nuecht also. Dat hätt awer näischt mat altersbedéngten Ëmstänn ze dinn, sou d'Ikon aus der Welt vum Country. "Ech maachen dann all meng spirituell Aarbecht, meng Dreem, meng Gedanken, ech bieden, wann all d'Energië vun der Welt iergendwéi erofgefuer sinn", sou d'Sängerin an engem Interview mam "People"-Magasinn.

Dat fréit Opstoe huet si warscheinlech vun hirem Papp verierft kritt. Wat ee méi al géif ginn, sou d'Dolly Parton, wat ee méi fréi waakreg géif ginn. Si wéilt näischt verpassen, a géif souwisou zu deene Leit zielen, déi net vill Schlof brauchen. Si géif dat zanter Jore sou maachen, an dat géing se och elo net méi änneren. Am Januar gëtt d'Country-Legend, déi d'Giedel vum Miley Cyrus ass, 80 Joer al.

Um wéi vill Auer d'Dolly Parton an d'Bett geet, huet se net verroden. Beim Acteur Mark Wahlberg ass dat awer bekannt. Um 19.30 Auer geet e sech leeën, well hie steet nuets um 2.30 Auer op. Bieden, Kaffi drénken, an dann ass Zäit fir en éischte Fitnesstraining. Nomëttes, no 16 Auer, mécht de Wahlberg nach en zweete Workout. Awer just op véier vu siwe Wochendeeg. Mat senge 54 Joer misst dat entretemps net méi all Dag de Fall sinn, sou den Acteur virun zwee Joer an engem Interview.

Vläicht kéinten déi zwee US-Amerikaner jo mol nuets mateneen telefonéieren, wa se schonn déi selwecht Zäit waakreg sinn, wärend de Rescht vum Land schléift...