Vun elo u kënnen d'Kanner erëm dem Kleeschen Bréiwer mat hire Wënsch schécken. Säi Sekretariat bei der Post ass nees opgemaach ginn.

All d'Kanner, déi dem Kleesche wëllen e Bréif oder e Wonschziedel schreiwen, kënnen dat elo erëm maachen. D'Adress ass:

Kleeschen
1, Spillstrooss
L-3290 Am Himmelsland

D'Bréiwer kënnen ouni Timber an all giel Bréifboîte geheit ginn. Wichteg ass et, drop ze schreiwen, wien de Bréif geschéckt huet. D'Post wäert nämlech all Kand, dat dem hellegen Zinniklos schreift, eng kleng Iwwerraschung zoukomme loossen.

Fir déi Kanner, déi nach net schreiwe kënnen, oder dofir ze opgereegt si vu lauter Freed, stellt d'Post eng Virlag vun engem Wonschziedel zur Verfügung, déi d'Elteren op post4kids.lu kënnen eroflueden.

De Kleesche freet sech op déi vill Bréiwer, an ass frou, dass net just den Houseker, mä och d'Membere vun der Amicale vun der Post him dobäi hëllefen, déi vill Zouschrëften ze sënneren an ze beäntweren. D'lescht Joer hat de Kleeschen iwwregens méi wéi 5.650 Bréiwer kritt.

RTL

© Shutterstock

Da schreift drop lass. Mä uerdentlech, well wéi sot de Premier Luc Frieden schonn: Nëmmen all "manéierlech" formuléierte Bréif kritt eng Äntwert...