Wéi geet et an Zukunft mat UKW/FM an DAB+ weider?
D'Diffusioun iwwert UKW/FM an DAB+ ass deier. D'UKW-Frequenze kënnen och an anere Beräicher genotzt ginn.
Dofir ass et méiglech, datt UKW/FM eng Kéier ausgeschalt gëtt. Dat geschitt awer net vun haut op muer, d’Nolauschterer kréien Zäit fir sech op déi nei Iwwerdroungsweeër anzestellen. A quasi all Land an deenen UKW/FM an DAB+ simultan lafen, ass eng Period vu +- 10 Joer ugeduecht, éier UKW kéint ausgeschalt ginn. Ob dat wierklech geschitt, hänkt um Enn och dovun of, ob digitale Radiosempfang beim Nolauschterer ukënnt. An anere Länner ass dee lues a lues amgaangen, den analogen Empfang ze iwwerhuelen.
DAB+ ass och méi spuersam: Éischtens ass d’Sendeleeschtung vum DAB+ fir eng Partie Sender net esou staark ewéi am UKW. Dat heescht: Manner Fraise fir Energie. Dat ass och am allgemenge wouer, well jo net méi all Statioun hir Frequenz huet, mä all d’Statiounen an engem Multiplex senden. Och doduerch gëtt manner Energie verbraucht.
DAB+ ass ee moderne Wee fir Radio ze iwwerdroen, deen nieft enger besserer Tounqualitéit och zousätzlech Informatiounen iwwerdroe kann. DAB+ kann zum Beispill och benotzt ginn, fir a Katastrophefäll Informatiounen un all d’Apparater ze schécken (änlech ewéi de Lux-Alert op den Handyen).
Internetradio bitt och schonn eng Partie vun deene Virdeeler. Mä Internetradio kascht den Nolauschterer Suen. Et brauch een en Abo bei engem Internetprovider fir dee Radio lauschteren ze kënnen. Am mobillen Empfang kann et sinn, datt déi Plaz op där een ass, grad net ofgedeckt ass, oder net genuch Bandbreet do ass, fir Radio kënnen ze lauschteren.
DAB+ ass fir d’Nolauschterer gratis (een Empfangsgerät virausgesat). D’Couverture vum Land ass mat vill manner Antenne méiglech ewéi mobillen Internet. D’Tounqualitéit ass iwwerall déi selwecht, esou laang een Empfang méiglech ass. D’Digitaliséierung vum Radio bedeit fir d’Nolauschterer eng besser Tounqualitéit an ee bessere mobillen Empfang (60% vun der Zäit gëtt Radio am Auto gelauschtert). Ausserdeem gëtt et méi eng grouss Auswiel u Statiounen, déi ee lauschtere kann, mat méi Variatioun an der Zort vu Programmer, déi proposéiert ginn. Den Opwand ass fir d’Nolauschterer ganz kleng, zum Deel gëtt et esouguer méi einfach fir d’Programmer ze fannen. Eenzeg Viraussetzung ass een DAB+ Radio.
Op laang Siicht mécht d’Digitaliséierung et de Statioune méiglech, sech méi breet opzestellen, andeems si zum Beispill nei Programmer ubidde kënnen. Si kënnen hiren Nolauschterer zousätzlech Servicer ubidden. Donieft ass DAB+ um Enn méi gënschteg, well manner Energie fir d’Diffusioun gebraucht gëtt an d’Fraisen ënnert all de Sender um Multiplex opgedeelt sinn. Dee Virdeel kënnt awer eréischt zum Droe wann UKW/FM net méi gebraucht gëtt.
Wat ass DAB+ a wéi funktionnéiert dat?
Wéi eng Virdeeler huet DAB+ géintiwwer UKW/FM?