De Gros vun de Mënschen an Däitschland fillt sech gestresst. Dat geet aus enger Ëmfro vun der Techniker Krankenkasse (TK) ervir.

Am Ganzen hu 66 Prozent vun de Befroten uginn, an hirem Alldag oder an hirem Beruffsliewen heefeg oder heiansdo gestresst ze sinn. Domat ass d'Stress-Empfannen däitlech an d'Luucht gaangen. Bei enger änlecher Ëmfro am Joer 2013 louch den Undeel vun deene Leit, déi sech gestresst gefillt hunn, bei 57 Prozent.
 
Aktuell empfanne just nach 8 Prozent vun den Däitschen eegenen Aussoen no guer kee Stress. Ronn all véierte Befroten (26 Prozent) huet ausgesot, seele gestresst ze sinn.
 
De Stressfacteur Nummer 1 ass dem TK-Rapport no en héijen Usproch u sech selwer. 61 Prozent vun de Befrote setze sech nämlech selwer ënner Drock. Als weider Stressfacteure kommen hannendrun d'Schoul, d'Etüden oder de Beruff mat 58 Prozent souwéi Stress duerch politesch a gesellschaftlech Problemer (53 Prozent), woubäi Kricher an international Konflikter déi Befrote besonnesch belaaschten. D'Angscht viru Kriminalitéit an Extremismus souwéi d'Auswierkunge vum Klimawandel zielen dann och zu esou Stressfacteuren.
 
Fir Stress ofzebauen, ginn 83 Prozent vun e Befroten am léifste spadséieren oder an d'Natur, 78 Prozent huele sech Zäit fir hiren Hobby a genee esou vill Mënschen treffe sech fir de Stressofbau mat Famill oder Frënn. 73 Prozent hunn uginn, dass hinne Musek lauschteren, hëlleft oder Musek maachen. Ronn zwee Drëttel (67 Prozent) baue Stress beim Kachen of oder ginn iessen.
 
Zum Deel weise sech och wesentlech Ënnerscheeder bei de Geschlechter. Zum Beispill drénke Männer éischter Béier oder e Glas Wäin (39 Prozent), fir sech z'entspanen. Bei de Frae maachen dat just 22 Prozent. Zocke fir de Stressofbau, dat maachen och éischter méi Männer mat 33 Prozent, am Verglach zu 25 Prozent bei de Fraen. An da kënnt e Klischee an d'Spill: Shoppen. Dat maachen ëmmerhi 37 Prozent vun de Fraen, fir sech nees méi relax ze fillen, bei de Männer sinn et 25 Prozent. Och Yoga oder autogenen Training maachen 28 Prozent vun de weibleche Befroten aus, bei de Männer sinn et der 11.
 
D'Meenungsfuerschungsinstitut Forsa hat d'Ëmfro an Optrag ginn an am Mee 2025 goufe bundeswäit 1.407 Persoune befrot.