DAB+ ass eng digital Norm, fir Radio ze iwwerdroen (änlech wéi DVB-T bei der Tëlee). DAB steet fir “Digital Audio Broadcasting”

De "+" ass dobäi komm, fir ze ënnersträichen, datt et eng Weiderentwécklung vun der éischter DAB Norm ass.

De Grondprinzip ass nach ëmmer dee selwechten: E Sender schéckt d’Signal vun enger Radiostatioun fort, wat dann op de Radioe mobil (am Auto) oder stationär (doheem, um Büro, ...) empfaange gëtt. Just datt deen Iwwerdroungswee digital ass.

Den Ënnerscheed ass deen, datt beim DAB+ net méi all Sender eng eege Frequenz huet, op déi een de Radio astelle muss. All d’Sender (12 Stéck zu Lëtzebuerg) ginn an engem Multiplex op enger Frequenz diffuséiert. Déi muss een als Nolauschterer net méi kennen. Wann een um Radio ee Scan mécht, da fënnt deen d’Sender am Multiplex a weist se an enger Lëscht mat hirem Numm un. Änlech ewéi beim Streaming oder engem MP3 Player gëtt den Audio hei kompriméiert. Well all Sender an deem selwechte Multiplex sinn, sinn se och all mat där selwechter Qualitéit ze empfänken.

Digitale Radioempfang huet näischt méi mat deem analogen Empfang (UKW/FM) ze dinn. Dofir brauch een och ee Radio, deen DAB+ kompatibel ass. An der EU mussen all nei Autoen, déi zanter 2021 verkaf ginn, op hirem Autoradio DAB+ empfänke kënnen. Och verschidde Modeller, déi virun 2021 erauskomm sinn, kënne schonn DAB+ an hirem Autoradio hunn. Wann net, ginn et kleng Adapteren, déi een un den Autoradio uschléisse kann, iwwert déi een dann DAB+ empfänke kann.

Fir de stationären Empfang brauch een och en neien Apparat, deen DAB+ empfänke kann. Al UKW/FM Radioe kënnen dat an der Reegel net, an deene leschten 10 Joer sinn awer scho vill Radioen an Anlagen an d’Butteker komm, déi schonn DAB+ empfänke kënnen. Och hei ginn et Adapteren, déi een un eng al Anlag uschléisse kann, fir dann DAB+ kënnen ze empfänken.

Fir de stationären Empfang ass et am Beschten een Apparat auszewielen, deen UKW/FM, DAB+ an Internetradio kann. Domat ass een am Beschte fir d’Zukunft opgestallt. Et muss een awer net op DAB+ wiesselen, fir weider seng gewinnte Radiosprogrammer lauschteren ze kënnen. Déi Programmer gi weider iwwert UKW/FM diffuséiert. Mä wann ee vun de Virdeeler vun DAB+ profitéiere wëll, da sollt een an en neien Apparat investéieren. Déi gëtt et an alle Präiskategorien.