Wéi kann ech DAB+ Programmer lauschteren?
Fir ze erkennen, ob ee Radio DAB+ empfänke kann, sollt een am Beschten no offiziellen DAB+ Logo op der Verpackung kucken.
Wann deen net drop ass, da sollt ganz kloer vun DAB+ an der Beschreiwung vun den Empfangsweeër vum Radio Riets goen. DAB ouni de + hannendru geet net duer, fir DAB+ ze empfänken, well dat eng al Norm ass an net där entsprécht, ënnert där an Europa gesent gëtt.
Eventuell am Buttek beim Personal nofroen oder virdrun um Internet eng Recherche maachen. Am Prinzip gi keng Radioe méi mat där aler Norm verkaf. Wann de Radio als DAB-Empfänger beschriwwe gëtt an et ass een aktuelle Modell, dann ass domat DAB+ gemengt. Mä grad um Internet kann et sinn, datt Händler nach probéieren, vereelzt Apparater ze verkafen. Noutfalls kënnt Dir d'Garantie spille loossen, wann en Apparat zwar DAB versprécht, mä keen DAB+ kann.
Wéi een op sengem Radio no neie Sendere siche kann, ass vu Mark zu Mark a vu Modell zu Modell verschidden. Do ass et am Beschten an der Beschreiwung vum Radio ze kucken, wéi ee Scan (Senderdurchlauf) gemaach gëtt. Bei Autosradioen ass dat net néideg, déi scannen automatesch no Programmer, déi si empfänke kënnen, a weisen déi dann an der Lëscht vun de Senderen un. Wann een Autosradio dat net automatesch mécht, da steet d'Prozedur, fir dat ze lancéieren, och am Handbuch vum Auto.
Am Auto ass DAB+-Empfang ouni zousätzlech Käschte méiglech, wann den Auto vun 2021 oder méi nei ass a scho mat engem Autosradio verkaf ginn ass. An der EU hu vun deem Joer un Autosradioen an neien Autoe misste mat engem DAB+-Empfänger ausgeliwwert ginn. Et ginn och e puer méi al Modeller, déi deen Empfangswee schonn hunn. Wann Ären Auto méi al ass an den Autosradio nach keen DAB+ kann, gëtt et awer Adapteren, déi een un den Autosradio uschléisse kann, fir DAB+ ze empfänken. Am Beschte léisst ee sech do vu sengem Garagist beroden.