Sechs Méint no der déidlecher Kollisioun mat der Brooklyn Bridge zu New York ass d'Seegelschëff "Cuauthémoc" vun der mexikanescher Marinn zréck a Mexiko.

E Sonndeg mexikanescher Zäit ass den Dräimaster am Hafe vu Veracruz ukomm. D'mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum huet bei enger offizieller Zeremonie op der Schëffsbréck déi zwee Matrouse gewierdegt, déi beim Ongléck am Mee ëm d'Liewe koumen.

De 17. Mee war d'"Cuauthémoc", festlech beliicht, hannerzeg op d'Brooklyn Bridge zu New York duergedriwwen a mat der Bréck kollidéiert ass. Dobäi waren dräi Maste vum Schëff ofgebrach. Den Ament, wéi et zum Ongléck koum, waren 277 Leit u Bord vum Schëff, 19 goufe blesséiert, véier vun hinne schwéier. Zwee Matrouse si méi spéit un hire Blessure gestuerwen.

Souwuel d'USA wéi och Mexiko hunn Ermëttlungen zu der Ursaach vum Accident ageleet. Virleefegen Informatioune vun der Police vun New York no war wuel kuerz virum Ongléck de Motor vum Schëff ausgefall.

Un der Brooklyn Bridge - eng vun de gréissten Touristenattraktiounen zu New York - gouf et keng gréisser Schied. D'Bréck gouf just kuerz fir den Trafic gespaart. D'Bréck geet iwwer den East River a verbënnt dobäi d'Quartiere Manhatten a Brooklyn. Gebaut gouf se vun 1869 bis 1883.