Radio iwwert DAB+ huet eng besser Klangqualitéit. Beim analogen Empfang ass ëmmer ee Grondrauschen am Hannergrond ze héieren.

Dat gëtt méi staark, wann den Empfang méi schwaach gëtt. Iergendwann ass d'Stéierungen am Empfang esou grouss, datt een näischt méi versteet, wat um Radio leeft.

Dat gëtt et beim DAB+ net. Hei ass d’Tounqualitéit ëmmer d’selwecht. Well d’Signal digital iwwerdroe gëtt, kann eng Feelerkorrektur méi ee schlechten Empfang ausgläichen. Doduerch héiert een net, datt den Empfang méi schlecht gëtt. Eréischt wann den Empfang ze schlecht gëtt, héiert ee guer näischt méi. Keen Dauschen, mä och kee Programm.

Den Audio ass beim DAB+ kompriméiert (esou wéi een dat aus dem Streaming oder vun MP3-Player kennt). Dat mécht et méiglech, datt e puer Sender sech déi selwecht Frequenz deele kënnen.

Nieft der besserer a méi stabiller Tounqualitéit proposéiert DAB+ aner Virdeeler: Et muss een d’Frequenz vum Sender net méi kennen. Déi ginn all an enger alphabetescher Lëscht mat hirem Numm ugewisen.

D’Radiosprogrammer kënnen och nach zousätzlech Informatioune matschécken, déi dann op engem Display ugewise ginn (wann de Radio mat deem ee lauschtert esou een Display huet). Do kann zum Beispill de Cover vum Lidd ugewise ginn, dat grad leeft. Mä och aner Noriichte kënnen iwwert dee Wee ugewise ginn.

Doduerch datt méi Sender op eng Frequenz passen, ass et elo och méiglech, nei Sender iwwert eng Antenn ze diffuséieren. D’UKW/FM Band ass iwwerfëllt, do ass keng Plaz méi fir nei Programmer unzebidden. Iwwert DAB+ kann een elo zu Lëtzebuerg, nieft deenen nationalen a regionale Programmer, déi elo schonn iwwert UKW/FM ze héiere sinn, och nei Programmer lauschteren, déi ee bis elo nach net (oder ganz schlecht) terrestresch empfaangen huet. RTL Today Radio ass esou ee Beispill.

D’Leeschtung, mat där iwwert DAB+ gesent gëtt, ass gesetzlech virgeschriwwen. Fir verschidde Sender (RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Radio – Deutschlands Hitradio) ass déi Leeschtung méi niddreg ewéi am UKW/FM. Dofir kann et sinn, datt déi Sender op vereenzelte Plazen net esou gutt iwwert DAB+ ze empfänke sinn ewéi iwwert UKW/FM.

Vum 1. Dezember 2025 u gëtt zu Lëtzebuerg och iwwert DAB+ gesent. Fir unzefänken decken dräi Sender (Diddeleng, Housen an Napoleonsgaart) d’Land of. Duerch d’Topographie vum Land ginn déi Sender awer net duer, fir all Géigend gutt ofzedecken. Am Museldall an och a verschiddenen aneren Dälten kann et sinn, datt den DAB+ Empfang nach net gutt genuch ass. Dofir komme bis Dezember 2026 nach Sender op anere Plaze bäi, fir déi Lächer opzefëllen, an d’Couverture esou ze verbesseren. Am mobillen Empfang ass d’Land dann zu 99,9% ofgedeckt.

Stationären Empfang (a Gebaier) ka jee no Bauweis oder Plaz wou de Radio oder seng Antenn steet, variéieren. Do ass et méiglech, datt ee propperen DAB+ Empfang net garantéiert ka sinn. An deem Fall kann et hëllefen, de Radio (oder d’Antenn) méi no bei eng Fënster ze stellen, an d’Antenn anescht auszeriichten)