Eng nei wëssenschaftlech Etüd geet der Fro no, wou de Kuss eigentlech hierkënnt. D’Äntwert ass iwwerraschend: De Kuss ass méi al wéi d'Mënschheet.

Den éischte Kuss-änlech Gest solle scho viru ronn 20 Millioune Joer bei den Ur-Afen entstane sinn. Dat huet e Fuerscherteam vun der Oxford Universitéit erausfonnt.

Wat definéiert e Kuss? 

An der Etüd, déi vum Matilda Brindle geleet gouf, gouf de Kuss ganz breet definéiert an zwar als frëndlech, net-aggressiven Mond-u-Mond-Kontakt mat gespëtzte Lëpsen. An dat ouni Liewensmëttel oder Fudder auszetauschen. Esou e Gest gëtt net nëmme bei de Mënschen observéiert, mee och bei Schimpansen, Bonoboen, Orang-Utaen a Gorillaen.

D'Fuerscher hunn du méi wéi 50 Etüden iwwer Primaten zesummegedroen, fir erauszefannen, wéi dacks sou e Verhalen optrëtt a wéi et sech bei de verschiddenen Aarten ënnerscheet. Du gouf mat engem  evolutiounsbiologesche Modell analyséiert, wéini dës Aart vu Kuss warscheinlech fir d'éischt an der Déierewelt opgedaucht ass. An d'Resultat? Dëse Gest soll scho virun 21,5 bis 16,9 Millioune Joer bei gemeinsame Virfare vu Mënsch an Af opgedaucht sinn.

Dat heescht de Kuss ass vill méi al wéi d'Mënschen a warscheinlech hunn och d'Neandertaler sech souzesoe scho gekusst. Dës kommen nämlech aus der selwechter Evolutiounslinn.

De Kuss kéint "ee vun deene ganz ganz ale soziale Geste si" beim Primateverhalen, sou d'Fuerscherin Matilda Brindle an hirer Analys.

Firwat hu sech Afen iwwerhaapt gekusst?

Dofir ginn et e puer Grënn, déi méiglech sinn.

  • Sozial Bindung

Bei den Afe kann een och haut nach observéieren, dass si sech gäre géigesäiteg "entlausen", also sech d'Fell an d'Haut botzen. Dat huet awer net nëmmen en hygienesche Grond, mee et schaaft Vertrauen a Rou an esou d'Bindung verbesseren. Dat selwecht soll beim Kussen de Fall sinn.

  • Emotioun an Entspanung 

D'Mënsche kennen et och: Wann ee sech mol gestridden huet a sech duerno rëm berouegt a verdréit, dann hëlt ee sech gär mol an den Aarm oder et kusst ee säi Partner. Dat soll bei e puer Aarte vun Afen och de Fall sinn. De Mond-Kontakt gëtt genotzt fir Uspanung ze reduzéieren a gëllt als Zeeche vun  "et ass alles gutt".

  • Roll beim Choix vum Partner

E puer Wëssenschaftler mengen, dass e Kuss och hëlleft, Informatiounen iwwert d'Gesondheet oder den Hormonstatus vum aneren ze kréien. Dëst ass nach net ganz bewisen, gëtt an der Wëssenschaft awer als Méiglechkeet gesinn.

An der Etüd vun der Oxford Universitéit behaapt ee sech net op dës Begrënnungen, et wéilt een éischter weisen, dass de Kuss net nëmmen e kulturelle Produit ass, mee och eng déif biologesch Basis huet.

Wat soen d'Fuerscher iwwer Kulturen, déi net kussen?

Och wann d'Verhalen al ass, heescht dat net, dass sech an alle mënschleche Kulture romantesch gekësst gëtt. Et gëtt Vëlker, wou dëse Gest bal net virkënnt oder aner Forme vun Intimitéit eng méi grouss Roll spillen. Bei e puer indigeene Gruppen am Amazonas an och bei verschiddene Vëlker a Papua-Neiguinea gëtt Intimitéit éischter duerch sech kierperlech no sinn, gemeinsam Kierperfleeg oder symbolesch Geste wéi Danzen a geschenkte Bijoue gewisen.

Aus der Etüd geet awer ervir: Wann de Kuss scho bei eisen Déiere-Virfaren existéiert huet, da kéint de Mënsch biologesch dorop programméiert sinn, och wann d'Kultur bestëmmt, wéini a wéi ee kusst.