Automobilistin drängt aner Chauffere vun der Autobunn a kënnt an d'Psychiatrie
© AFP
Eng wéi et schéngt psychesch krank Fra huet op enger Autobunn a Bayern e Chauffer vun der Fuerbunn gedrängt. Si gouf festgeholl.
Déi 31 Joer al Fra aus dem schwäbesche Bad Wörishofen war en Dënschdeg den Owend op der Autobunn 96 ënnerwee. An der Géigend vun der Stad Lansdberg am Lech ass si dunn op eemol e puer Mol hannerteneen engem Automobilist hannendra gerannt, wéi d'lokal Police en Donneschdeg matdeelt. Dono ass si mat héijer Vitess nach an déi lénk Säit vun deem Won geknuppt, deen doropshin op der Säit stoe bliwwen ass. D'Police gouf alarméiert, déi op d'Sich no der Automobilistin gaangen ass. Gutt zwou Stonne méi spéit konnt si an der Gemeng Schondorf festgeholl ginn.
Et gouf decidéiert, si an eng psychiatresch Klinik ze bréngen, well si fir sech selwer a fir anerer eng Gefor duergestallt huet.
De Mann am aneren Auto gouf beim Virfall liicht blesséiert. De Materialschued chiffréiert d'Police op e mëttlere fënnefstellege Beräich a géint d'Fra lafen elo Ermëttlungen ënner anerem wéinst dem Verdacht op versichten Doudschlag.