The Golden Phoenix: Den deierste Cupcake vun der Welt

Cupcakes sinn an den USA scho laang am Trend, ma zënter e puer Méint eruewere si och de Recht vun der Welt.
E säftege Kichelche mat Schockla, Friichten oder anere Leckereien - gekréint mat enger passender Creme. Ma esou einfach wéi et kléngt, ass déi beléift Schnekegkeet net, virun allem net, wann ee se am Café Bloomsbury’s zu Dubai keeft. Do gëtt et nämlech elo den exklusiivsten an zugläich deierste Cupcake vun der Welt.
Ween 800 Euro an e Stéck Gebäck wëll investéieren, dee kritt: Bio-Miehl, besonnesch fäine Botter aus Groussbritannien (well d'Kéi jo do och extra gréng Wisen hunn), Vanill aus dem Uganda an italienesche Schockla. Traditionall gëtt de Kichelche mat Äerdbieren am Blatgold-Mantel mat enger Kroun fäiner Rahm op engem gëllenen Teller mat engem gëllene Läffel zerwéiert, dës däerf een awer wahrscheinlech net mathuelen.
VIDEO: Esou entsteet den deierste Cupcake vun der Welt
Sollt Dir Iech elo fir en „The Golden Phoenix“ decidéieren, sou ass et wichteg ze wëssen, datt een deen 48 Stonnen am Viraus muss reservéieren, well de Pâtissier leet ganz vill Wert op frësch Wueren.