Wéi SWR mellt huet de Landtag vu Rheinland-Pfalz an de leschte Wochen en neit Gesetz iwwer Begriefnesser gestëmmt, sou datt et elo net méi Flicht ass, fir verstuerwe Persoune mussen um Kierfecht ze begruewen. Weider muss de Kierper och net méi onbedéngt an engem Sarg bäigesat ginn, dëst kann elo och an engem Läichen-Duch geschéien.
Vun Oktober un ass et neierdéngs dann och méiglech, fir Urne mat Äsche bei sech Doheem ze halen, oder dës esouguer an engem Floss, wéi dem Rhäin oder der Musel, bäizesetzen. Fir sou eng Zeremonie ginn et normalerweis speziell Urnen, déi sech no enger Zäit am Waasser opléisen.
Zesumme mat der AfD huet d’Ampelkoalition am Landtag vu Rheinland-Pfalz domadder déi liberaalste Regulatioune fir Begriefnesser a ganz Däitschland gestëmmt. Allerdéngs soll en traditionellt Begriefnes um Kierfecht weider de “Reegelfall” duerstellen, sou de Clemens Hoch, den SPD-Gesondheetsminister vum Land.
D’CDU-Oppositioun huet sech iwwerdeems kritesch gewisen. Sou huet de Christoph Gensch gemengt, dat neit Gesetz géing “d’Begriefnes-Kultur bäisetzen” an huet de Minister Hohn beschëllegt, den “Doudegriewer vun de Kierfechter” ze sinn. De Christoph Gensch huet weider argumentéiert, datt besonnesch aarm Famillen elo op deier Plazen um Kierfecht géinge verzichten a sou méi séier a Vergiessenheet géinge geroden.
Wéi Leit gäre begruewe ginn, musse se schrëftlech am Testament oder an enger Verfügung festhalen. Wann dat net gemaach ginn ass, muss een um Kierfecht bäigesat ginn.
Fir ze verhënneren, datt dat neit Gesetz zu engem “Begriefnes-Tourismus” a Rheinland-Pfalz féiert, huet de Landtag festgehalen, dat nëmme Leit mat festem Wunnsëtz vun den neien Optioune kënne profitéieren.
Wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus? Muss een um Kierfecht bäigesat ginn oder kann een och hei decidéieren, seng Äschen an der Musel ze verstreeën?
Am aktuelle Gesetz, wat 1972 a Kraaft getrueden ass, ass festgehalen, dat Begriefnesser just op engem Kierfecht kënne sinn. All Gemeng ass theoretesch verflicht, e Kierfecht ze hunn, et kënne sech awer och zwou oder méi Gemengen zesummendoen, fir e gemeinsame Kierfecht ze ënnerhalen.
Wann net genuch Plaz an enger Gemeng ass, fir datt all Kult dee praktizéiert gëtt, en eegene Kierfecht kritt, soll d’Plaz um existéierende Kierfecht proportionell opgedeelt ginn. Och eng eegen Entrée fir all Deel soll et dem Gesetz no ginn.
Zanter 2010 huet Lëtzebuerg awer och een éischte Bëschkierfecht. Mëttlerweil ass déi Zuel wéinst grousser Nofro souguer op iwwer 20 gewuess.
Eng Ausnam gëllt iwwerdeems fir d’Groussherzoglech Famill an de Bëschof, déi an der Krypta vun der Kathedral kënne bäigesat ginn.
Dem Gesetz no ass et net erlaabt, fir eng Urn mat Äschen op Privatterrain ze halen. Dëst däerf also nëmmen op den designéierte Plazen um Kierfecht stoen.
Initiativen, fir dëst ze adaptéieren, goufen et an de leschte Joren ënnert anerem an der Form vu parlamentaresche Froen, ëffentleche Petitiounen an och enger Gesetzespropos vun de Piraten am Joer 2024, déi aktuell nach ëmmer vun der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun gepréift gëtt.
Wat d’Verstreeë vun Äsche betrëfft, sou ass dëst dem Gesetz vun 1972 no méiglech, dat awer nëmmen op enger speziell designéierter Plaz. E Règlement grand-ducal vun 1978 preziséiert, datt de Gemengerot esou eng Plaz um Terrain vum Kierfecht kann designéieren.
Allerdéngs kann dësem Reglement no de Buergermeeschter vun der Gemeng eng Autorisatioun ginn, fir datt d’Äschen op Wonsch hin och op engem Privatterrain oder soss enger Plaz verstreet ginn. Fir sécherzestellen, datt dat op der gewënschter Plaz méiglech ass, muss ee sech also un d’Gemeng wenden.
Ob d’Verstreeë vun Äschen och an engem Floss erlaabt ass, ass net am Gesetz preziséiert. E Krematorium soll dem Reglement no awer e Regëster féieren, wou d’Äsche verstreet goufen.