"Cool" Plazen9°Celsius an 42 Meter Déift an de fréiere Schifergrouwen zu Uewermaartel

Andy Brücker
Domingos Oliveira
Hei ass et souguer ubruecht eng Jackett matzehuelen, esou d'Recommandatioun vum Musée.

Nodeems mer scho gewuer gi sinn, dass d'Kasematten aktuell nawell héich am Cours sti bei den Touristen, well et do angeneem frësch ass, goufe mer op eng weider Plaz higewisen, wou et aktuell richteg kill ass.

Rieds ass vum Musée de L'Ardoise zu Uewermaartel, deemno dem Schifermusée. Hei fënnt een 22 authentesch Gebaier mat Ausstellungen, alles ronderëm d'Geschicht vum Schifer.

Déi grouss Attraktioun ass d'Visitt vun der Minn "Johanna", dat an enger Déift vun 42 Meter. 370 Trape muss een erofgoen, fir dohinner ze kommen. Do gesäit een dann, wéi de Schifer fréier ofgebaut gouf an ënner wéi enge Konditiounen d'Aarbechter geschafft hunn.

© Domingos Oliveira

Dëser Deeg ass esou eng Visitt nawell immens beléift, well ënnen an der Minn si konstant 9° Celsius! Deemno ass et hei souguer recommandéiert eng Jackett matzebréngen. Wann ee vun dobausse 35 Grad op eemol an e Raum vun 9 Grad geet, ass et gefillt nach emol méi kal, kréie mer vun de Bedreiwer vum Musée erkläert. Identeschen Effekt dann, wann een nees erauskënnt a sech dann nees un déi héich Temperature winne muss.

All 45 Minutten däerfe 45 Persounen eran, wat jo am Fong an normalen Zäite kee Problem duerstellt, fir dass een eng Plaz kritt. Aktuell wier d'Nofro awer zimmlech grouss, dofir ass et den Appell, dass ee sech telefonesch soll säin Ticket reservéieren, respektiv via hiren Internetsite.

© Domingos Oliveira

Op Nofro war gewuer ze ginn, dass aktuell och méi Famille mat klenge Kanner sech fir Visitten umellen. D'Leit géifen dann och méi laang brauchen, fir den Tour ze maachen. Wann een alles genee géif kucken an och d'Panneauen all géif liesen, da géif ee gutt a gär eng Stonn sur place verbréngen.

© Domingos Oliveira

Fir de Weekend, wou jo eventuell mat Rekordtemperaturen dobausse gerechent gëtt, hu sech schonn eng Partie gréisser Visitten ugemellt. Wann Dir och nach spontan wéilt dohinner goen, dann onbedéngt den Ticket am Virfeld reservéieren, soss riskéiert een net méi eran ze kommen.

Op ass vun dënschdes bis sonndes vun 10 bis 18 Auer. Um 16:30 Auer gëtt eng lescht Grupp fir d'Visitt vun der Minn eragelooss.

© Domingos Oliveira

Wou kann ee sech nach ofkillen?

Op wéi eng Plaze gitt Dir, fir Iech ofzekillen an der Hëtzt aus de Féiss ze goen?

Sot eis et hei drënner an de Comments a mir gi fir Iech dohi kucken!

Wou ware mer schonn?

Back to Top
CIM LOGO