Decisioun am Grupp BD'Schwäiz a Kanada sinn an der K.o.-Ronn

Tom Nols
Wärend d'Schwäizer géint Kanada wanne konnten, hunn d'Bosnier sech géint de Katar behaapt a behalen domat eng Chance op d'K.o.-Ronn.
D'Schwäizer hu grad getraff géint Kanada
D'Schwäizer hu grad getraff géint Kanada
© ERCIN ERTURK/Anadolu via AFP

Schwäiz - Kanada 2:1 (0:0)

Zu Vancouver hat de Breel Embolo no 11 Minutten déi grouss Chance, d'Schwäiz a Féierung ze bréngen. D'Kanadier waren éischter drop beduecht, keng Feeler ze maachen an hu réischt no an no de Wee no vir gesicht. An engem montere Match goung et ouni Goler an d'Paus.

Déi zweet 45 Minutten hunn direkt mat engem Gol fir d'Schwäizer ugefaangen, wéi de Ruben Vargas no 40 Sekonne markéiere konnt. Kanada huet sech rëm schwéier gedoen, fir an d'Partie ze fannen, sou dass et no 57 Minutten duerch de Johan Manzambi den 2:0 war. Réischt dunn hunn d'Kanadier ugefaangen, sech ze wieren an an der 76. Minutt war et duerch de Promise David, dee réischt 70 Sekonnen um Terrain stoung, den Uschloss. Um Enn ass et an enger animéierter Schlussphas awer net méi fir den Ausgläich duergaangen.

Bosnien an Herzegowina - Katar 3:1 (2:1)

Bosnien an Herzegowina hat an der éischter Hallschent méi vum Match a goung no 29 Minutten duerch e schéine Gol vum Kerim Alajbegovic a Féierung. Nëmme 5 Minutte méi spéit war et duerch e Selbstgol den 2:0 a kuerz drop hätt den Edin Dzeko scho fir d'Virentscheedung kënne suergen. Aus dem Näischt koum dunn den Uschloss duerch den Hassan Al Haydos an d'Bosnier sollten onsécher ginn. Kuerz virun der Paus huet de Potto den Ausgläich verhënnert.

Déi zweet Hallschent war gepräägt vun Nervositéit an Ongenauegkeeten op béide Säiten. An der 80. Minutt war et duerch de Mahmic, dee fir den Dzeko agewiesselt gi war, den erléisenden 3:1. D'Katarer haten deem duerno näischt méi entgéint ze setzen.

Wéi geet et weider?

D'Eidgenossen gewanne mat 7 Punkten de Grupp B an treffen an der K.o.-Ronn op ee Gruppendrëtten.

Kanada a Bosnien an Herzegowina schléissen allebéid mat 4 Punkten of, Kanada huet awer duerch déi besser Goldifferenz déi zweet Plaz an ass sécher an der nächster Ronn.

D'Bosnier mussen ofwaarden, ob si zu den aacht beschte Gruppendrëtte wäerte gehéieren, déi och en Tour weiderkommen.

Back to Top
CIM LOGO