
Dat geet jiddefalls aus enger Analys vun der Agence France Presse ervir. Op enger Kaart erstrecke sech d’Temperature vun iwwer 35 Grad effektiv vun Nordafrika duerch ganz Westeuropa bis bei Hadrian’s Wall a Schottland, mee och vun Italien bis an Dänemark.
Déi héich Temperaturen hunn e Rateschwanz u Konsequenzen. Fir unzefänken op d’Gesondheet: Rettungsdéngschter a Spideeler si méi gefrot ewéi soss. A Frankräich hätt ee seelen, oder nach ni, esouvill Demandë fir Noutdéngschter erlieft, esou d’national Santésagence. Net just vun eelere Leit, mee vu och Jonken. D’Zuel u Passagen an den Urgencen, dorënner wéinst Hëtzschlag, hätt sech verdräifacht.
Fir physesch vulnerabel Leit besteet am meeschten eng Gefor, jo souguer eng reell Liewensgefor. Net just eeler Leit musse gutt oppassen, och Leit mat chronesche Krankheeten oder Handicap oder schwanger Fraen. D’Rekommandatioune vun den Autoritéiten heiheem an an onse Nopeschlänner sinn deemno kloer: wa méiglech bannen an am Frësche bleiwen, op Deplacementer verzichten a wann ee muss eraus, net laang an der Sonn bleiwen an de Kapp bedecken. Virun allem awer sech hydratéieren, also Waasser drénken. Och wann ee keen Duuscht verspiert.
De Gesondheetsministère weist dann e Mëttwoch explizit drop hin, datt héich Temperaturen en Effet op divers Traitementer oder Medikamenter kënnen hunn. Detailer ginn et um Internetsite vun der Santé. Soss Apdikter oder Dokter uruffen.
Ass een net vulnerabel, kann d’Hëtzt duerchaus och dozou féieren, datt engem schlecht oder een duseleg gëtt. Alkohol ass keng gutt Iddi, mee och Sport an aner physesch Aktivitéiten dobaussen. Dann ass et och esou, datt wéinst der Hëtzt vill Leit gär schwamme ginn, ma a Frankräich eleng wieren um Dënschdeg 40 Leit erdronk. Och an Däitschland goufen esou Fäll gemellt.
Plazeweis ass de Stroum ausgefall, esou zum Beispill am Finistère an der Bretagne. D’Medie mellen do Geschäfter, déi zou sinn, polluéiert Plagen a Saachen, déi aus dem Frigo mussen an d’Poubelle geheit ginn. Bref: Zéngdausende Leit hunn et do mat Chaos ze dinn.
Heiheem huet d’Hëtzt da Schinne bei Bierchem beschiedegt, wat zu Perturbatiounen am grouss-regionalen Zuchverkéier mat sech bruecht huet. Mam Auto muss een dann och plazeweis a Frankräich méi lues fueren, well d’Autoritéiten dat wéinst den héijen Ozon-Wäerter ordonéiert hunn.
D’Hëtzt huet och en Impakt op d’Flëss an op d’Wasserversuergung. Bauere mussen hir Produktiounen upassen. An de Risiko vu Bränn ass däitlech méi héich ewéi soss.
D’Schoulen dann - le sujet qui fâche – gi plazeweis zougemaach, awer net iwwerall. Genee ewéi hei am Land, gëtt dat a Frankräich an an England au Cas par Cas gemaach. Organisateuren annuléieren uechter betraffe Gebidder Evenementer, am Norde vu Spuenien ass esouguer Grille verbueden. D’Gewerbeinspektioun huet d’lescht Woch schonn d’Patronen opgeruff, Mesuren z’ergräifen, fir hir Aarbechter, déi bausse musse schaffen, ze schützen.
Generell huet d’Hëtzt en negativen Impakt op d’Fonctionement vun de Betriber. Just d’Geschäft vun de Klimaanlage géing den Agencen no boomen. Souguer d’Marie Tondelier, Cheffin vun de franséische Gréngen, déi soss géint déi Optioun sinn, huet zouginn, datt Spideeler a Schoulen wuel net méi laanscht Klimaanlage wäerte kommen.
D’Hëtzt ass einfach gesot: disruptiv.
Eng bekannt Canicule war déi vun 2003, wou den Autoritéiten no zéngdausende Leit an Europa un den direkte Follgen dovunner gestuerwe wieren. Ganz lokal gekuckt gi rekordverdächteg Temperaturen dacks op Jore méi wäit an der Vergaangenheet zeréck. Mee: meeschtens sinn d’Rekorder an de leschte Joren verzeechent ginn a kuckt een net lokal, mee regional, da sinn d’Spëtzentemperaturen ëmmer méi héich.
Esou Hëtzten, ewéi déi aktuell, sinn déi lescht Jore och méi heefeg ginn an déi aktuell ass och am Juni besonnesch fréi un, am Verglach zu viregten Hëtztperioden.
De President vum GIEC, dem internationalen Expertegrupp iwwert de Klimawandel, war och formell. Wat mer haut a Westeuropa erliewen, wäert et méi dacks ginn. D’Erwiermung vu verschiddene Regiounen an Ozeaner géing méi héich leien, ewéi d’Wëssenschaftler virausgesinn haten.
Iwwerdeems d’Weltgesondheetsorganisatioun d’Länner opgeruff huet, aus den Investissementer a resiliente Santés-Infrastrukturen eng Prioritéit ze maachen, huet heiheem d’Enseignantsgewerkschaft SEW/OGBL Investitiounen an d’Schoulinfrastruktur gefuerdert.