Besëtzerin ugeklotBerlin: Blummendëppe fält vu Balcon, 61 ale Mann déidlech blesséiert

RTL mat AFP
Eng 32 Joer al Fra muss sech virun engem Berliner Geriicht veräntweren, nodeems e Blummendëppen, dat ongeséchert op hirem Balconsgelänner stoung, erofgefall war an en 61 Joer ale Mann déidlech blesséiert hat.
E Balcon am Berliner Staddeel Prenzlauer Berg.
Trotz Reanimatiounsversich ass de Mann nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.
© ROBERT SCHLESINGER/dpa Picture-Alliance via AFP

Nodeems en 61 Joer ale Mann zu Berlin vun engem Blummendëppen, dat vun engem Balcon erofgefall war, déidlech um Kapp getraff gouf, huet de lokale Parquet eng 32 Joer al Fra wéinst homicide par néglicence ugeklot. Den Enquêteuren no soll d'Fra e bal fënnef Kilo schwéiert Blummendëppen aus Toun net genuch geséchert um Gelänner vum Balcon um zweete Stack ofgestallt gehat hunn.

E Wandstouss soll d'Blummendëppen de 5. Abrëll vum Balcon geblosen hunn. D'Dëppen hat dunn en 61 Joer alen Awunner vum Haus um Kapp getraff. Trotz Reanimatiounsversich war de Mann nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

Dem Parquet no hat de Wiederdéngscht schonn den Dag virdru viru Wandstéiss gewarnt. D'Fra huet sech bis elo net zu de Virwërf, d'Dëppen net uerdentlech geséchert ze hunn, geäussert.

D'Uklo gouf beim Amtsgeriicht Tiergarten deposéiert, dat elo decidéiere muss, ob et zu engem Prozess kënnt.

Back to Top
CIM LOGO