Walibi BelgiumHaaptattraktioun "Loup-Garou" gëtt zougemaach, nei Rekord-Achterbunn geplangt

Jeff Birsens
De "Loup-Garou" ass eng vun de beléiftsten Achterbunnen am Walibi an der Belsch. Amplaz soll elo vun 2028 un eng nei Theemewelt mat enger neier Rekord-Achterbunn opgoen.
Francois Fassier, head of Compagnie des Alpes Leisure Parks Division, and Jean-Christophe Parent, Manging Director of Walibi, give a press conference of the Walibi amusement park to present its planned investments through 2030, in Wavre, on June 1, 2026. (Photo by ERIC LALMAND / BELGA / AFP) / BELGIUM OUT
De François Fassier an de Jean-Christophe Parent hunn op enger Pressekonferenz e Méindeg am Walibi Belgium déi nei Pläng bis 2030 virgestallt.
© BELGA/AFP

De belsche Fräizäitpark Walibi huet e Méindeg seng nei Pläng bis d'Joer 2030 annoncéiert. Dobäi gouf bekannt gemaach, datt déi beléift "Loup-Garou"-Achterbunn aus Holz, eng vun den Haaptattraktioune vum Park, wäert Ufank 2027 zougemaach ginn. Amplaz soll awer eng nei Welt mam Numm "Festival World" mat enger spektakulärer Hybrid-Achterbunn kommen, déi thematesch un New Orleans orientéiert ass.

"D'Kondaa ass zanter 2021 eng ikonesch Attraktioun vum Park ginn. De Loup-Garou bleift eng vun deene beléiftsten Attraktiounen, mee mir brauchen eng zweet Ikon, wat mir maache wäerten, andeem mir d'Loup-Garou ersetzen." sou de Jean-Christophe Parent, Direkter vum Walibi Belgium, op der Presentatioun vun den neie Pläng e Méindeg. De genaue Budget fir de ganze Projet, deen 2028 soll opgoen a bis 2030 fäerdeg gemaach gëtt, huet hien nach net genannt. E géif awer sécherlech iwwert de 35 Milliounen Euro leien, déi ee fir déi nei "Dock World", déi 2025 ageweit gouf, ausginn hätt.

Déi nei Achterbunn soll 49 Meter héich sinn, also 18 Meter méi héich wéi de Loup-Garou, bis zu 106 km/h séier sinn an 1.231 Meter laang sinn, wat en neie Rekord fir de Raum Benelux wier. Geplangt wier eng Descente vu 47 Meter an engem Neigungswénkel vun 89 Grad, sou wéi dräi weideren "eenzegaartegen" Elementer. Nieft der Achterbunn soll "Festival World" awer och eng Rei weider méi kleng Attraktioune fir déi méi jonk Visiteure bidden an och een neie Restaurant soll et do ginn.

© Courtesy of Walibi Belgium / Compagnie des Alpes

Back to Top
CIM LOGO