Vun Ouschtere bis Gehaansdag (24. Juni) dauert d'Spargelsaison zu Lëtzebuerg. "All zweeten Dag gi mir Spargele stiechen. Da si se erëm nogewuess". Dëst erkläert mir de Jean-Claude Muller, vu Beruff Uebst- a Geméisbauer vu Conter. "Mat de kalen Nuechten sinn d'Spargele méi retizent am Wuessen. Wann d'Nuechten och waarm sinn, da wuesse se séier. Deen Ament hu mir och vill ze stiechen".
Wat et méi waarm ass, wat d'Sonn sech méi weist, wat den Ertrag u Spargele méi héich ass. De Jean-Claude Muller huet am Abrëll 2020 d'Spargelplanzen am Feld zu Conter gesat. "Normal seet ee 7 Joer fir eng Spargelplanz, dann hu si ausgedroen. Et hänkt awer och vum Buedem of. Et kënnen och mol 8 bis 9 Joer sinn, wou eng Planz Spargele produzéiert. No där Zäit ass Schluss. Da kommen déi Planzen aus dem Buedem eraus". De Geméisbauer setzt dëser Deeg nei Spargelplanzen an de Buedem. Déi wäerten dann an 2 Joer prett sinn, fir Spargelen ze stiechen.
"Laang Stiecher": sou gëtt d'Aarbechtsmaterial genannt, wat benotzt gëtt, fir d'Spargelen aus dem Buedem ze huelen. "De laange Stiecher gëtt laanscht d'Spargel erofgestach. Et gëtt probéiert, ënnen sou laang ewéi méiglech d'Spargel ze loossen an dann iwwert der Wuerzel ofzeschneiden an erauszezéien. Eng gewëssen Technik ass gefrot. Et geléngt net ëmmer. Munchmol gëtt d'Spargel och ze fréi gekappt".
Zu Lëtzebuerg ginn et eng 5 Baueren, déi Spargelen an enger méi grousser Quantitéit hierstellen. De Marché wär net grouss. "Mir hunn e bëssi den Nodeel zum Ausland ewéi franséisch Produzenten, dass mir e bëssi méi spéit sinn, bis mir ukommen. Wann Ouschtere spéit fält, hu mir sécher Spargelen. Wann Ouschtere fréi ass, dann hu mir der selten. Ouschteren ass awer deen Termäin, wou d'Leit awer gäre Spargelen um Teller hunn".
Fir déck a riicht Staangen ze kréien, brauch et e Suebelbuedem. An deem Buedem kann d'Spargel gutt dra wuessen.
D'Lea Breser hëlleft am Feld, och Spargelen ze stiechen. Si studéiert Agrarwëssenschaften am 8. Semester zu Bonn. Nach dës Woch mécht déi jonk Fra e Stage beim Jean-Claude Muller. "Ech wollt emol dat, wat mir op der Uni an der Theorie léieren och mol am Praktesche gesinn".
"Et muss een e Gefill entwéckelen, fir Spargelen aus dem Buedem ze kréien". Dëst erzielt mir d'Lëtzebuerger Studentin. Dëse Stage mécht d'Lea fräiwëlleg. Um Schluss wäert si awer och e Rapport schreiwen. "Sou kréien ech de Stage vun der Uni ugerechent. Ech hunn och e Stage a Bayern gemaach. Vun deenen Zwee schreiwen ech e Rapport a maachen eng Presentatioun".
D'Spargel kann een op verschidde Manéiere genéissen. "Déi klassesch Aart ass mat enger Sauce hollandaise oder béarnaise mat Ham oder Saumon derbäi. Et kann een awer och eng ganz gutt Spargelszopp maachen". Gegrillt oder an der Pan preparéiert géif d'Spargel och ganz gutt schmaachen. Et gi vill Variante wéi een eng Spargel kann zoubereeden.