Nächste Freideg um RadioDir bestëmmt de Programm um 80er Dag

RTL Lëtzebuerg
D'Mixtapes si bal prett, d'Schëllerpolstere leien eraus an d'Vokuhila rifft schonn no sengem Comeback…
© RTL Grafik

E Freideg den 22. Mee steet um Radio de ganze Programm nees am Zeeche vun den 80er. Vu moies 5 Auer bis um Mëtternuecht spille mir d'Klassiker an d'Hits aus der Kultjoerzéngt. An dobäi kënnt och Dir ee Wuert matschwätzen an eise Museksprogramm mat bestëmmen. Well um 80er Dag leeft op RTL déi Musek, déi Dir Iech wënscht.

Fëllt dofir einfach eise Formulaire hei drënner aus a scho weess eis Museksredaktioun, wat ageplangt muss ginn.

Awer opgepasst! Et ass eventuell méiglech, datt mer net all Musekswonsch kënnen nogoen.

Back to Top
CIM LOGO