Bei Idar-ObersteinPolice stoppt Auto an deem 12 Persoune waren

RTL mat AFP
Déi eng louchen der Police no queesch op der Réckbänk, déi aner souzen an der Mall.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

Datt een esou vill Leit an en Auto géif kréien, hätte wuel och d'Polizisten aus Rheinland-Pfalz net geduecht. Dat haten awer eng Grupp Jonker en Donneschdeg den Owend hikritt.

Bei enger Policekontroll zu Fischbach net wäit vun Idar-Oberstein ewech hunn d'Beamten en Auto ugehalen, bei deem e puer Leit ze vill dra souzen. "Déi jugendlech Passagéier louchen dobäi deelweis queesch iwwer d'Réckbänk oder souzen an der Mall, ouni hei geséchert ze sinn". Si waren um Wee zeréck, nodeems si op engem Evenement fir Pappendag waren.

De Chauffer hat dobäi och nach ze déif an d'Glas gekuckt, well beim Test koume beim Mann 1,1 Promill eraus. Si hunn an deem Zoustand natierlech net dierfe weiderfueren, eng Enquête gouf opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO