Vum Klassesall an den HangarSchüler aus dem Lycée Emile Metz bauen echte Fliger

Anouk Siebenaler
Eng Fligermecaniciens-Klass aus dem LPEM baut en Aluminiumsfliger, deen duerno regulär zougelooss soll ginn.

Direkt nieft de Start- a Landebunne vun den décke Maschinnen um Findel hunn d'Schüler vum Lycée Emile Metz zanter September en Hangar bezunn a bauen doran e Fliger. Kee Modell, mä en echte fluchfäegen, regulär zougeloossenen Zweesëtzer aus Aluminium: En Nando Groppo Trail. Sechs Meter laang a mat enger Spannwäit vun 8,5 Meter.

Vum Klassesall an den Hangar: Schüler aus Lycée Emile Metz bauen echte Fliger
Eng Fligermecaniciens-Klass aus dem LPEM baut en Aluminiumsfliger, deen duerno regulär zougelooss soll ginn.

D'Initiativ koum vun den Enseignanten Tim Saltmann a Bert Molitor, déi selwer d’Fligermecaniciens-Klass am Emile Metz absolvéiert hunn.

"Ech hat ëmmer d’Gefill, an der Formatioun géif eppes feelen. An do ass d’Iddi opkomm, mat de Schüler e Fliger ze bauen. Fir dass mer eppes Handfestes kënne mat erabréngen, wat nei a flott ass a wat si begeeschtert. Eppes, wou net just si eppes léiere kënnen, mä och mir. Well et ass och déi éischt Kéier, dass mir esou e Fliger mat de Schüler bauen aus engem Kit", sou den Tim Saltmann.

All Donneschdeg schaffen déi 19 Schüler am Rotatiounssystem an zwee Véierer-Teams um Projet: Eent moies an eent mëttes. Véier bis fënnef Joer rechne se, bis de Fliger fäerdeg ass. Ma d’Zil wier et net, esou séier wéi méiglech fäerdeg ze ginn, mä de bescht méigleche Fliger no Industrie-Standard ze bauen. Wann e fäerdeg ass, soll de Fliger nämlech verkaf a regulär zougelooss ginn. Dat bedeit och, dass d’Schüler fir all Schrauf, déi se fest- an unzéien, Verantwortung iwwerhuele mussen. All Aarbechtsschrëtt gëtt genee dokumentéiert an och vun der Direction de l’Aviation Civile (DAC) begleet.

"Si hu sech fir de Beruff entscheet, an dann ass et wichteg, dass si léieren, dass dat eng gewëss Responsabilitéit mat sech bréngt. Si ënnerschreiwe fir all Schrauf, déi si fest- an unzéien. An dat kréie se lo scho mat op de Wee”, erkläert den Tim Saltmann.

Back to Top
CIM LOGO