
En Donneschdeg de Moien ass déi bekannt Radios- an Tëleesanimatrice gestuerwen, dat deelt RTL Frankräich mat a berifft sech dobäi op d'Famill. Vun de 60er Joren u war si eng vun de bekanntste Stëmmen am franséische Radio an op der franséischer Tëlee. Hir Carrière hat si awer bei der Tëlee an hirer algerescher Heemechtsstad Oran ugefaangen, éier si dono op Marseille koum a fir d'Tëlee Monte-Carlo geschafft huet.
An hirer Carrière hat d'Sophie Garel awer och verschidde Relatioune mam Grand-Duché. Esou huet si de rout-wäiss-bloe Fändel bei der Eurovision de la Chanson 1968 zu London vertrueden. Zesumme mam Chris Baldo huet si d'Lidd "Nous vivrons d'amour" virgedroen. De Chris Baldo war selwer Animateur bei Radio Luxembourg.
Enn de 1970er stoung si dann fir Télé-Luxembourg virun der Kamera, ma hat och e puer Joer méi spéit Emissiounen op RTL Télévision an RTL-TVI a Frankräich. Bis 2007 huet d'Sophie Garel nach Chroniken op France 2 gemaach an hat och Optrëtter op Europe 1. Um Radio hat si trotz hirer Pensioun ëmmer nees nach Gaaschtoptrëtter bis 2021.