Laut brittesche MedienDua Lipa a Callum Turner hu sech bestuet

RTL Lëtzebuerg
D'Sängerin an den Acteur hu sech op der Gemeng Old Marylebone zu London d'Jo-Wuert ginn. Enn der Woch soll op Sizilien dräi Deeg laang grouss gefeiert ginn.
Déi frësch bestuete Koppel
Déi frësch bestuete Koppel
© IMAGE PRESS AGENCY/NurPhoto via AFP

D'Dua Lipa an de britteschen Acteur Callum Turner hu sech e Sonndeg bestuet. Dat melle brittesch Medien. Un der ziviller Zeremonie zu London hu just Familljememberen an e puer Frënn deelgeholl. Eng grouss Feier ass fir de nächste Weekend op Sizilien geplangt. D'lescht Joer hat déi brittesch Sängerin an engem Interview verroden, datt si an den Turner sech wéilte bestueden.

D'Dua Lipa ass Duechter vun Awanderer aus dem Kosovo an zanter ronn 10 Joer eng vun den erfollegräichste Sängerinnen op der Welt. Hire Mann Callum Turner ass ënnert anerem duerch seng Roll am Film "Fantastic Beasts: The Secrets of Dumbledore" bekannt ginn a gehéiert zu de méigleche Kandidate fir den nächsten James-Bond-Acteur ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO