Meghan, Herzogin vu SussexEch ginn zanter 10 Joer am Internet "all Dag gemobbt an ugegraff"

AFP, iwwersat vun RTL
D'Meghan Markle, Fra vum brittesche Prënz Harry, gëtt eegenen Aussoen no zanter 10 Joer am Internet gemobbt an ugegraff.
Prinz Harrys Ehefrau Meghan Markle wird nach eigenen Angaben seit zehn Jahren im Internet gemobbt und angegriffen. Sie sei die "meistgetrollte Person der Welt", sagte die 44-Jährige auf einer Australien-Reise des Paares.
D’Meghan Markle, Fra vum brittesche Prënz Harry, gëtt eegenen Aussoen no zanter 10 Joer am Internet gemobbt an ugegraff.
© POOL/AFP

Si wier déi “meeschtgetrollte Persoun op der Welt”, esou déi 44 Joer al Herzogin vu Sussex en Donneschdeg op der Koppel hirer Rees duerch Australien. Online-Medie wieren eng “Milliarden-Dollar-Industrie, déi komplett op Grausamkeet baséiert, fir Klicks ze generéieren”, esou d’Meghan viru Jugendlechen a jonken Erwuessenen.

D’Meghan hat mat hirem Mann Harry un enger Podiumsdiskussioun vun enger Organisatioun fir psychesch Gesondheet zu Melbourne deelgeholl. “10 Joer laang gouf ech all Dag gemobbt an ugegraff”, esou déi fréier Schauspillerin. “Awer ech sinn nach ëmmer do.” D’Internet-Industrie an hir “Grausamkeet” ze änneren, wier bal onméiglech, sot d’Meghan an huet un hir Nolauschterer appelléiert: “Dir musst méi staark sinn.”

Et ass den éischte Besuch vum Prënz Harry a senger Fra an Australien, zanterdeem si mam brittesche Kinnekshaus gebrach hunn. Ënnert anerem wëll d’Meghan zu Sydney un engem “eenzegaartege Meederchersweekend” am “Intercontinental Coogee Beach Hotel” deelhuelen. Fir ëmgerechent 1.600 Euro ginn do Yoga, Geräischtherapie an Owesiessen, genee wéi een Disco-Owend ugebueden. D’“VIP-Experienz” kascht allerdéngs nach méi, ma dofir kritt een dann eng Foto mam Meghan um Gruppendësch an eng Tut mat Kaddoen.

Wéinst dem Weekend krut déi 44 Joer al US-Amerikanerin de Virworf gemaach, Sue wëllen ze maachen. D’Jess Wilson, déi d’Oppositioun am Bundesstaat Victoria uféiert, huet iwwerdeems och kritiséiert, datt Steiergelder fir d’Sécherheetsmesurë ronderëm de Besuch vun der Koppel géifen agesat ginn.

De Prënz Harry a seng Fra Meghan hate sech 2020 vun hire royale Flichten zeréckgezunn. Si liewe mat hiren zwee Kanner a Kalifornien, wou d’Meghan opgewuess ass.

Back to Top
CIM LOGO