Eng futtis Kaffismaschinn, en ale Radio oder eng defekt Bitzmaschinn: Wat fir vill Leit um Recycling géif landen, kritt an de Repair Caféen eng zweet Chance.
De Jean Reichert ass ee vun de benevole Reparateuren, déi versichen, Apparater nees un d'Goen ze kréien. Zanter sechs Joer engagéiert hie sech bei de Repair Caféen uechter d’Land. Nieft dem Reparéieren ass et virun allem de Kontakt mat de Leit, deen hie motivéiert.
An domat ass hien net eleng. D'Konzept gewënnt zu Lëtzebuerg ëmmer méi u Popularitéit. Laut Repair Café Luxembourg a CELL goufen 2025 am Ganzen 122 Repair-Caféen organiséiert – ronn 30 Prozent méi wéi am Joer virdrun. Bal 2.600 Objete goufen agereecht, dovun konnte bal zwee Drëttel direkt op der Plaz reparéiert ginn.
D'Associatioune gesinn doran e wichtege Bäitrag fir d'Kreeslafwirtschaft. Duerch d'Reparature konnten d’lescht Joer hiren Donnéeën no ronn 55 Tonne CO₂-Emissiounen evitéiert ginn.
Trotzdeem géif nach vill ze dinn bleiwen. Vill Apparater géifen haut net mat Bléck op eng einfach Reparatur entwéckelt ginn, kritiséiert de President vun der Repair Café Lëtzebuerg ASBL Marcel Barroso. Dobäi géifen och den erschwéierten Zougang zu Ersatzdeeler an techneschen Informatiounen, wéi zum Beispill Schaltpläng, eng Roll spillen.
Datt Reparéieren ëmmer méi an de Fokus réckelt, weist sech och op politeschem Niveau. Viru Kuerzem ass e Gesetzesprojet deposéiert ginn, mat deem déi europäesch Direktiv zum "Right to Repair" an d'lëtzebuergescht Recht ëmgesat soll ginn. D’Zil ass, Reparaturen ze vereinfachen an d'Liewensdauer vu Produiten ze verlängeren.
De Projet gesäit ënnert anerem vir, datt Hiersteller verschidde Produiten och no Oflaf vun der Garantie reparéiere mussen, wa se ënner déi europäesch Reparabilitéitsreegele falen. Dobäi dierfe si Reparaturen net duerch Software- oder Technik-Barrièren onnéideg erschwéieren. Och Ersatzdeeler sollen zu raisonnabele Präisser ugebuede ginn. Doriwwer eraus solle Clienten zousätzlech vun enger Garantieverlängerung vun 12 Méint profitéieren, wa se sech am Kader vun der gesetzlecher Garantie fir eng Reparatur entscheeden.
D'Associatioun Repair Café Lëtzebuerg begréisst dat europäescht "Recht op Reparatur". Besonnesch beim Reparabilitéits-Index, deen op ee Bléck weist, wéi gutt sech ee Produit reparéiere léisst, gesäit si nach Potenzial.