Méi wéi 700 BlesséierterVenezuela vun zwee Äerdbiewe getraff, Presidentin rifft Noutstand aus

RTL mat AFP
Zwee staark Äerdbiewe bannent manner wéi enger Minutt hu Venezuela getraff a Gebaier zum astierze bruecht, iwwerdeems de Fluchhafe vu Caracas zougemaach an de Noutstand ausgeruff gouf.
D'Auswierkunge vun der Katastroph sollen och an der kolumbianescher Haaptstad Bogota ze spiere gewiescht sinn.
© JUAN BARRETO/AFP

Venezuela ass e Mëttwoch den Owend bannent manner wéi enger Minutt vun zwee staarken Äerdbiewe getraff ginn. Dobäi si Gebaier agestierzt, vill Mënsche goufen a Panik versat an den internationale Fluchhafe vu Caracas huet missen zougemaach ginn.

D'Presidentin Delcy Rodriguez huet den Noutstand ausgeruff. Offiziellen Donnéeën no goufe méi wéi 700 Mënsche blesséiert, 32 Persoune si gestuerwen.

Den US-President Donald Trump huet sech an der Tëschenzäit bereet erkläert, Venezuela ze ënnerstëtzen. Den US-Ausseminister Marco Rubio huet zanterdeem confirméiert, datt Rettungsekippe géingen op d'Plaz geschéckt ginn.

Donnéeë vun der US-Äerdbiewen-Observatiounsagence USGS no hat dat éischt Biewen eng Stäerkt 7,2. Den Epizenter louch ronn 20 Kilometer westlech vun der Küstestad Moron.

Nëmmen 39 Sekonne méi spéit gouf et ronn 45 Kilometer dovun ewech en zweet Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 7,5. Duerno goufen nach 20 Nobiewe registréiert, sou d'Presidentin an enger Televisiounsusprooch.

D'Äerdbiewe ware bal am ganze Land ze spieren. Zu Caracas si Bewunner aus hiren Haiser op d'Strooss geflücht, op ville Plaze gouf et grousse Materialschued.

Am Quartier Altamira ass en Héichhaus vun 22 Stäck bal komplett agestierzt. Och den internationale Fluchhafe vu Caracas zu Maiquetia gouf staark beschiedegt an huet missen de Betrib astellen.

D'Auswierkunge vun der Katastroph sollen och an der kolumbianescher Haaptstad Bogota ze spiere gewiescht sinn, déi ronn 1.000 Kilometer Loftlinn vum Epizenter ewech läit. Och do si Mënschen op d'Strooss gelaf an Alarmsireene si gelaf.

Ronn 80 Prozent vun der Bevëlkerung a Venezuela liewen an Äerdbiewen-Zonen. Staark Äerdbiewe sinn do awer éischter seelen.

Dat lescht Biewe mat schwéiere Konsequenze gouf et 1997 am Bundesstaat Sucre, wou 73 Mënschen ëm d'Liewe koumen. 1976 hat en Äerdbiewen zu Caracas bal 300 Doudeger an 2.000 Blesséierter gefuerdert.

Back to Top
CIM LOGO