
Zu Saint-Gratien a Frankräich ass e Mëttwoch en 3 Joer aalt Kand gestuerwen, wéi et an der aktueller Hëtzt eleng am Auto war. Wéi et vun der Police heescht, wier de Bouf "vu sengen Elteren am geparkten Auto virun der Dier" fonnt ginn.
Op Nofro vun der Noriichtenagence AFP huet de Parquet vu Pontoise matgedeelt, datt d'Eltere vu 37 Joer nach probéiert hätten, d'Kand ze reaniméieren. Hinnen an de Rettungsdéngschter wier dat awer net méi gegléckt. Géint 19:35 Auer gouf d'Kand fir dout deklaréiert.
Éischten Erkenntnisser no hat d'Mamm grad mam zweete Kand (18 Méint al) eng Sieste gehalen, wärend de Papp am Schapp am Gaart geschafft huet. Dat 3 Joer aalt Kand, dat och eng Sieste hale sollt, wier awer wuel eleng an den Auto gaangen, deen net zougespaart war. Hei war allerdéngs d'Kannersécherung an, wouduerch de Jong net méi aus dem Auto erauskoum. Seng Elteren hunn hie ronn 45 Minutte méi spéit ouni Liewenszeeche fonnt, heescht et weider vum Parquet. D'Mamm hätt esou ënner Schock gestanen, datt si an d'Spidol huet misse bruecht ginn.
Eng Enquête wéinst "homicide involontaire" gouf lancéiert a soll elo déi genee Ëmstänn klären.