Wien net op Instagram ënnerwee ass, deem ass den Numm Sally Wagner warscheinlech kee Begrëff. Ma an de Soziale Medien huet si am Lëtzebuergesche Raum eng grouss Presenz, an dat och net ëmsoss. Net just Lëtzebuerger kënne sech mam Content vun der jonker Fra identifizéieren, ma och vill engleschsproocheg Expats zu Lëtzebuerg. D’Traditioun vum Liichtmëssdag kann an hire Videoe genee esou Thema sinn, wéi déi sëllege Visittekaarte vun Occasiounsauto-Keefer, déi an der Stad op all puer Meter de Buedem zoupléischteren. D’Absurditéit vum Alldag zu Lëtzebuerg - genee dat ass hiert Thema.
Datt d’Sally Wagner esou ee gudde Bléck vu baussen op déi Lëtzebuergesch Kultur huet, huet och mat der Lëtzebuergerin hire ville Statiounen am Ausland ze dinn. Ursprénglech vum Lampertsbierg huet si no hirer Première am Stater Jongelycée fir d’éischt zu Tréier studéiert, ier si weidergaangen ass op déi renomméiert brittesch Universitéite Cambridge a St. Andrews, wou sech Ufank vun den 2000er de Prënz William an d’Kate fir d’éischt iwwert de Wee gelaf sinn. “Ech wollt u sech e Prënz kenneléieren”, geckst d’Sally Wagner am Interview. Ma d’Léift huet si dunn awer nach ganz enzwousch anescht higezunn: Op Hawaii, wou hire Mann - en amerikaneschen Zaldot - stationéiert war.
Als jonk Erwuesse wollt si onbedéngt aus Lëtzebuerg fort an d’Welt erliewen. Nom Liewen am Ausland ass hire Bléck op d’Heemechtsland méi nuancéiert: “Et mierkt een éischtens, d’Probleemer, déi hei existéieren, existéieren och op anere Plazen. Heiansdo souguer a vill schlëmmeren Zoustänn. Ech fanne Lëtzebuerg huet schonn e bestëmmte Charme, deen ee villäicht net direkt bemierkt, wann een dran ass.” Am meeschten huet d’Sally Wagner an hirer Zäit am Ausland déi Lëtzebuergesch Pâtisserie vermësst: “Et mierkt een net wat een huet, bis een et net méi huet. Och Brout! Anstännegt Brout a Groussbritannien oder Amerika ze fannen, ass onméiglech.”
Mat Instagram huet d’Sally Wagner ugefaangen, fir hir Frënn uechter d’Welt un hirem Liewen deelhuelen ze loossen. Ënnert anerem och dowéinst sinn déi meeschte vun hire Videoen op Englesch. Ufanks waren d’Videoe just privat fir Frënn a Famill, ma iergendwann huet och de Grand Public gefalen dru fonnt. An Tëschenzäit ass si zeréck op Lëtzebuerg komm an hiren Account ass ëmmer méi gewuess, op elo iwwer 42.000 Follower. “Et gi vill ganz eenzegaarteg Saachen u Lëtzebuerg, déi engem eeben och net opfalen, wann ee Lëtzebuerger ass an hei opgewuess ass. Ma dann, wann ee probéiert Auslänner et ze erklären, kucke se ee komesch un an da mierkt een ‘Ah ok, dat ass net normal!’” Ee Beispill ass Bretzelsonndeg. Hirem amerikanesche Mann ze erklären: “Ech wëll eng Bretzel zu engem bestëmmten Dag. Ech ginn dir een Ee” - dat wier eng vun de méi ongewéinlechen Interaktioune gewiescht.
Virun allem am leschte Joer ass der Sally Wagner hiren Account ëmmer méi gewuess, an den Ausléiser vum Wuesstem huet esouguer en Numm: de Roberto. “Wou ech bestuet gi sinn, krute mer eng Rumm mat engem hallef plakege Mann dra vun der Stad Lëtzebuerg. Mir hunn dat witzeg fonnt. Aner Leit hunn et och witzeg fonnt.” E puer Deeg drop ass deen nächste Video viral gaangen - een Hond, deen op Lëtzebuergesch net wollt lauschteren. “Ech hu mech gefrot - ass en ongezillt oder versteet e just d’Sprooch net?” Schlussendlech huet sech erausgestallt, datt den Hond just Franséisch kéint. “Nëmmen zu Lëtzebuerg muss de ufänken, esou duerch d’Sproochen ze zirkuléieren.”
Datt hir Videoe bemol esou ee Succès géifen hunn, domat hat d’Sally Wagner net gerechent. “Du kanns ni, wierklech ni virausgesinn, wat Instagram elo decidéiert, de Leit ze weisen. Ech mengen net, datt dat mat Qualitéit ze dinn huet. Instagram decidéiert einfach elo: dat do wëllen d’Leit gesinn.” Villes vun hirem Content entsteet iwweregens ganz spontan: “Ganz oft, wann een eng Iddi am Kapp huet, funktionéiert se net. Dofir probéieren ech, näischt am Virfeld dran ze investéieren. Da kucken ech, ob eppes geschitt. Mee ganz oft sinn et einfach Saachen, déi ech gesinn a witzeg fannen.”
Trotz hirem Succès ass Instagram fir d’Sally Wagner ëmmer nach een Hobby - och wann et een Hobby ass, deen Zäit kascht. “Et war ee Moment, wou meng Gedanken e bëssen ze vill dovunner ageholl waren, wou ech ëmmer driwwer nogeduecht hunn, an amgaange war, drun ze schaffen. Ech hunn dat elo e bëssen zeréckgekurbelt, well ech weess net, wéi gesond dat ass. “ Aktuell huet sech den Zäitopwand bei eng bis zwou Stonnen den Dag agependelt. Instagram belount Konsistenz mat méi Views, a bestrooft op der anerer Säit sporadescht posten. “Ech hunn ee Moment en immensen Drock gespuert, eeben haaptsächlech wéinst dem Algorithmus. Wann s de e puer Deeg net posts, dee mierkt dat, dofir hat ech oft, datt ech all Dag gepost hunn, e puermol den Dag. Mëttlerweil huelen ech de Weekend zum Beispill, denken ech driwwer no. Ech maachen näischt de Weekend, einfach well dat - jo - ech mengen et ass net gesond.”
Wann d’Videoen net ze viral ginn, ass de Feedback dozou meeschtens positiv. Ma och mat de geleeëntlechen negative Reaktioune weess d’Sally Wagner, ëmzegoen: “Heiansdo, wann eppes an der Hand spréngt, benotzen ech et fir e Video.” Ma et wier och wichteg sech am Kapp ze behalen, datt déi Leit een net kennen: “Ech weess emol net, ob et richteg Leit sinn. Dofir, ech fannen d’Saach normalerweis ganz witzeg.”
Cowgirl oder Schrëftstellerin - dat waren déi zwee Beruffsdreem, déi d’Sally Wagner als Kand hat. Esouwuel Päerd, wéi och Bicher spillen haut nach eng grouss Roll an hirem Liewen. D’Sally Wagner fiddert nämlech net just hiren eegenen Instagram-Account, ma och dee vun engem Stater Bicherbuttek, fir dee si schafft. Hiren Alldag beschreift si als onheemlech ofwiesslungsräich:“Ech wéilt wéineg aneres maachen, éierlech gesot.”
Wou d’Rees an Zukunft higeet, steet nach e bëssen an de Stären. “Dat heite maachen ech jo och alles net éiweg”, seet d’Sally Wagner. “An enger ideal-perfekter Welt wéilt ech nach ëmmer Schrëftstellerin ginn, mee dat ass genee esou en onbestännege Beruff, wéi Content creator. Et ass flott fir elo an ech kucken, wat geschitt. Ech sinn e bëssen oppe fir alles.”
