Bal esou grouss ewéi déi an der Notre DameZu Clierf gëtt d'Uergel fir d'Cathédrale américaine de Paris gebaut

Ryck Thill
32.000 Aarbechtsstonne wäerten an d'Uergel fléissen. De Käschtepunkt wäert bei iwwer dräi Milliounen Euro leien.
Zu Clierf gëtt d'Uergel fir Cathédrale américaine de Paris gebaut
32.000 Aarbechtsstonne wäerten an d’Uergel fléissen. De Käschtepunkt wäert bei iwwer dräi Milliounen Euro leien.

Et ass déi gréissten Uergel, déi bis ewell zu Lëtzebuerg gebaut gouf. Den Optrag krut de Clierfer Familljebetrib vun der Cathédrale americaine zu Paräis. D’anglikanesch Kierch aus dem spéiden 19. Joerhonnert läit an der Avenue Georges V. tëscht de Champs Elysées an der Seine.

D’Uergelpäife sinn an der Kathedral verdeelt. De Klang an d’Akustik wäerten eemoleg sinn, erkläert de Gerant Samuel Thomas: “On est sur un instrument de 84 jeux réels et avec les extensions, on arrive à 111 registres. Donc on est un petit peu en dessous de la grandeur de l ‘orgue de la cathédrale Notre -Dame de Paris.”

Fir de Klang vun der Uergel ass säi Brudder den Dominique Thomas zoustänneg. D’Päife ginn am Atelier zu Clierf gestëmmt, ma déi läscht Astellungen, souzesoen de Fine Tuning gëtt no der Installatioun zu Paräis gemaach. Dat ass eng Aarbecht, déi e puer Méint wäert daueren.

Zanter engem Joer schafft d’Uergel-Manufaktur un dësem Projet. Design, Planifikatioun, Konstruktioun, Installatioun: alles an allem wäerten um Enn 32.000 Aarbechtsstonnen an der Uergel stiechen. Dat huet natierlech och säi Präis. Dräi Milliounen Euro kascht déi nei Uergel. D’TVA ass do nach net mat agerechent.

Enn dës Mount gëtt d’Uergel op Paräis transportéiert an do an der Cathédrale américaine de Paris installéiert. Dann zielt déi Lëtzebuerger Uergel zu den 10 gréissten Instrumenter, déi et a Frankräich gëtt.

Back to Top
CIM LOGO