
Dëst Joer schéngt et, wéi wann d’Zuel vun de Lawinenaccidenter an Éisträich besonnesch héich wier. Bal all Dag dauchen nei Biller a Videoen an de Medien a sozialen Netzwierker op. Den Androck täuscht awer, mengt de Lukas Ruetz, deen an de Bierger ronderëm Innsbruck opgewuess ass a berufflech an der Lawinepreventioun täteg ass: “Lawinen sind sehr seltene Ereignisse im Verhältnis. Nur die Berichterstattung der Medien ist intensiver geworden und darum entsteht ganz oft der Eindruck, dass es mehr Lawinenunfälle gibt.”
Tatsächlech geet d’Zuel vun de Lawinendoudesaffer an de leschte Jore lues mee konstant zréck, an dat trotz enger ëmmer méi grousser Zuel u Leit, déi sech baussent de Schipiste beweegen. Social Media spillt dobäi eng entscheedend Roll: wann eng Lawin ofgeet, ass bal ëmmer iergendeen do, dee filmt oder fotograféiert.
Och wann d’Perceptioun verzerrt ass, ginn et Phasen, an deenen d’Lawinegefor effektiv méi héich ass. Déi eng gi vu Wantersportler ausgeléist, déi aner gi vum selwen of, wéi een dat nennt. Dës “Lawinenzäit” ass dacks op d’Wieder zeréckzeféieren. Vill Neischnéi, staarke Wand an eng Schnéischicht, déi scho schwaach ass. “Das sogenannte Altschneeproblem ist ein ganz perfider Mechanismus, der hier zu einer ganz schwachen Schichtung der Schneedecke führt“, seet de Lukas Ruetz, “Das ist das einzige Lawinenproblem, das man an der Schneeoberfläche kaum bzw. meistens gar nicht erkennen kann.“ Dat mécht et fir d’Experten op der Plaz net einfach, Geforenzonen z’erkennen. Hei kënnt et dann och méi dacks zu Lawinenaccidenter, wou Wantersportler Schued dovundroen.
D’Basis fir all Entscheedung am Wantersport soll de Lawinenlagebericht sinn. Dee gëtt all Dag vun den offizielle Lawinewarndéngschter publizéiert a weist d’Gefor op enger Skala vun 1 bis 5 aus. “Als Wintersportler ist es ganz wichtig, die aktuelle Lawinengefahr zu beachten”, betount de Lukas Ruetz. Besonnesch de Level 3 gëtt dacks ënnerschat. Dat confirméiert och de Gabriel Handle, staatlech gepréifte Schilehrer zu Serfaus: “Die meisten Unfälle passieren tendenziell bei Stufe 3, weil es ja nicht Stufe 4 oder 5 ist. Trotzdem besteht bei Stufe 3 schon eine reele Gefahr.”
Wie sech ausserhalb vun de gesécherte Piste beweegt, sollt ni ouni déi sougenannt Lawinennoutfallausrëschtung ënnerwee sinn.
“Diese besteht aus einem Lawinenverschüttetensuchgerät, einer Schaufel und einer Sonde“, erkläert de Lukas Ruetz. De Gabriel Handle ënnersträicht, dass dat Material nëmme sënnvoll ass, wann een domat och ëmgoe kann. Am Fall vun enger Lawine zielt all Minutt. Mä wou léiert een, wéi ee wat a wéini benotzt? Ma wie selwer Schi-Coursë wëll ginn, dee léiert dat an der Ausbildung. Hei ginn et eng ganz Partie staatlech Formatiounen. Am sougenannten Alpinkurs gëtt eng ganz Woch intensiv Theorie a Praxis geléiert: vum Liese vum Lawinenlagebericht bis zum richtegen Handelen an der Noutsituatioun. Fir Touristen a Fräizäitsportler ginn awer och Lawinecoursen ugebuede vu Biergguiden, Alpeveräiner oder spezialiséierten Institutiounen. “Ich würde es jedem empfehlen, der in die Berge kommt. Egal ob man geübter Sportler ist oder sporadischer Tourist.”
Lawine si keen neit Phänomen an och net méi heefeg wéi fréier. Si sinn en Deel vun de Bierger. D’Gefor entsteet virun allem do, wou se ënnerschat gëtt.
“Man kann Lawinen nie ganz verhindern, aber mit entsprechender Planung von Aktivitäten im Gebirge, kann man sein Risiko erheblich senken“, resuméiert de Lukas Ruetz. Respekt virun der Natur, sech all Dag informéieren an déi richteg Ausbildung bleiwen domat déi beschte Schutzmoossnamen.