Zu München am Hotel Bayerischer Hof leeft aktuell déi 62. Editioun vun der Münchener Sécherheetskonferenz. Knapp 50 Staats- a Regierungscheffen aus der ganzer Welt sinn an der bayrescher Landeshaaptstad dobäi, wann, wéi den Numm vun der Konferenz et scho verréit, virop iwwert déi international Zesummenaarbecht am Beräich vun der Sécherheet geschwat gëtt.
Am Moment gëtt et jo d’Tendenz, datt an den internationale Relatiounen nees méi d’Recht vum Staarken a manner d’Stäerkt vum Recht zielt. Fir sech an esou enger Welt behaapten ze kënnen, muss ee sech am Noutfall verdeedege kënnen. D’Sécherheet vun Europa fousst zu engem gudden Deel dorobber, datt ee Member an der NATO ass. Ma den US-President Donald Trump stellt awer ëmmer nees a Fro, ob een den Alliéierten am Eeschtfall wierklech zur Säit stoe géing. Eng Viraussetzung dofir wier, datt Europa méi an déi eegen Defense investéiert. Dee Message schéngt op alle Fall ukomm ze sinn, wann een dem Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel säi Message vu München héiert.
“Mir engagéieren eis jo och op Niveau vun der NATO an ech sinn der Meenung, datt wann ee wëllt bei der NATO sinn, een och seng Responsabilitéit muss huelen. Mee mir sollen net méi domm si wéi déi aner an net alles am Ausland kafen, wa mer och selwer Saache kënne produzéieren. An dann och d’Geschicht vum Succès vun Europa, Airbus ass haut dee gréisste Konkurrent vu Boeing, dat eben, well mer et fäerdeg bruecht hunn, am europäesche Geescht europäesch ze bauen. Et muss ee sech d’Fro stellen, ob dat net och wichteg wär. Europa wäert méi Verantwortung iwwerhuelen, als staarke Pilier, an dat och an enger NATO.”
Wat d’Ried vum US-Ausseminister Marco Rubio zu München ugeet, seet de Xavier Bettel, dës wier méi “kollegial” wéi déi vum US-Vizepresident JD Vance d’lescht Joer gewiescht an et hätt och Standing Ovations ginn
Nieft dem Ausseminister Bettel huet och d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes de Grand-Duché op der Sécherheetskonferenz vertrueden. An engem Communiqué vun der Regierung betoune béid Ministeren d’Wichtegkeet vun engem staarken Europa. Dëst misst Deel vun enger Allianz sinn, déi op Wäerter fousst a wou d’Partner vun deenen zwee Säite vum Atlantik sech op Aenhéicht begéinen.