3, 2, 1 Take OffE spannend Hunneg-Rätsel a vill Reewierm

Olivier Catani
Biologie-Challenge bei Take Off. Am neien Episod mussen d’Kandidate mat de richtegen Tester erausfanne wéi ee Buedem dee beschten a wéi een dee schlechtsten ass. A beim Hunneg bréngt just eng propper Pollen-Analys d’Ekippe weider.
Episod 6 – Biologie
E spannend Hunneg-Rätsel a vill Reewierm am perfekte Buedem.

E Rätsel aus der Vakanz

D’Lucie, de Joseph an den Olivier waren an der Vakanz. Awer net zesummen! Als Souvenir hunn si dräi verschidden Zorten Hunneg matbruecht. D’Ekippe sollen erausfanne wou déi dräi hir Summervakanz verbruecht hunn. Als klengen Tipp hunn si fënnef Postkaarte vu méiglechen Destinatiounen. Déi hëllefen awer just bedéngt weider. D’Kandidate mussen eng propper Pollenanalys maachen. Sech also dorop konzentréieren, wat ee mam blousse A net erkennt.

Den Hunneg-Challenge kënnt aus dem Science Club vum Naturmusée. Si organiséieren Aktivitéite fir Jonker tëscht 11 an 18 Joer. Zil: den Nowuess fir d’Naturwëssenschafte begeeschteren. Nom Panda Club 1982 gouf virun 23 Joer de Science Club an d’Liewe geruff. D’lescht Joer hunn si iwwer 100 Aktivitéite proposéiert a sinn des Saison en Deel vun der Science Challenge Show.

Op der Sich nom beschte Buedem

D’Ekippen hu fënnef Buedemprouwe viru sech a mussen des klasséieren. Vum der beschter op déi schlechtst. Si mussen dofir verschidden Analysemethoden notzen. De pH Wäert, d’Faarf, d’Konsistenz. Si dierfen sech och net scheien, fir sech d’Fangeren esou richteg knaschteg ze maachen. A sech am beschten och net viru Reewierm eekelen.

DNA Spueren am Flapp

Wien sech virum Aus rette wëll, muss d’DNA vu Fäkalien analyséieren an erausfannen, vu wéi engem Déier se stamen! Dobäi mussen si bedenken, dass an de Fäkalien ëmmer d’DNA vum Déier selwer dran an, mä och d’DNA vun deem wat et giess huet. A keng Angscht, si krute kee richtege Flapp dohi getesselt.

Take Off – Science Challenge Show kënnt ëmmer Freides em 19:00 op der Tëlee, RTL Play an takeoffshow.lu. An nach emol Sonndes Moies em 11.

Wann Dir Iech ukucke wëllt, wou den Hunneg-Challenge seng Originnen hat, da fannt Dir hei ee Bäitrag iwwert de Science Club.

Entwéckelt vum Science Club
Den Hunneg-Challenge kënnt aus dem Science Club vum Naturmusée.

Back to Top
CIM LOGO