A knapp enger WochWanter-Olympioniken hu bis ewell 10.000 Kondomer gebraucht

AFP, iwwersat vun RTL
10.000 Kondomer an enger Woch? Wat fir vill Leit no vill kléngt, ass fir d'Sportler selwer awer keng Iwwerraschung.
Den Deel vum Olympeschen Duerf zu Cortina d'Ampezzo. E zweete gréisseren Deel gëtt et zu Mailand selwer.
Den Deel vum Olympeschen Duerf zu Cortina d’Ampezzo. E zweete gréisseren Deel gëtt et zu Mailand selwer.
© ODD ANDERSEN/AFP

Net just op Vältesdag begréissen d’Sportlerinnen an d’Sportler am Olympesche Duerf, datt si gratis Kondomer zu Verfügung gestallt kréien. Wéi den Internationalen Olympesche Comité e Samschdeg confirméiert huet, hätten d’Athlete an der éischter Woch vun de Spiller schonn 10.000 Kondomer matgeholl. “10.000 goufen der scho genotzt, dat bei 2.800 Athleten. Rechent et selwer aus, wéi se soen”, huet de Spriecher vum IOC Mark Adams d’Situatioun mat engem Laachen op engem Pressebriefing matgedeelt.

Geschockt sinn d’Sportlerinnen an d’Sportler doriwwer awer net. Déi 24 Joer jonk Schifuererin Mialitania Clerc aus Madagascar hat Änleches schonn zu Beijing viru véier Joer erlieft. “Ech sinn net schockéier. Ech weess, datt op den Olympesche Wanterspiller vill Leit Kondomer benotzten. Ech hunn dat zu Beijing scho materlieft. [...] Et stounge vill Këschten am Agang vun all Gebai, an deene mer sinn. An all Dag waren d’Këschten all eidel”, erzielt si weider.

“Ech weess, datt vill Leit Kondomer notzen oder se gi se u Frënn ausserhalb vum Olympeschen duerf, well et eng Aart Kaddo fir si ass.”

Olympesch Dierfer si scho méi laang dofir bekannt, datt si en Hotspot fir sexuell Relatioune tëscht den Testosteron-geluedene Sportler sinn.

Back to Top
CIM LOGO