
Beim Kölner Stroossekarneval hunn d’Rettungsekippen net just d’Mënsche virun ze vill Alkohol geschützt, ma och een Hond. D’Proprietärin vum Muppes hat dem Véierbeener Wodka ze drénke ginn. Dat mellt d’Stad Köln e Freideg ganz entsat. Ganz ouni Konsequenzen ass dëst net bliwwen. Nach op der Plaz hunn d’Responsabel vu Köln dofir gesuergt, dass den Hond saiséiert gëtt.
Nieft dem alkoholiséierten Hond goufen och nach 79 Persoune versuergt. D’Majoritéit dovun hat sou déif an d’Glas gekuckt, dass si Hëllef gebraucht hunn.
Am Ganze ware ronn 400 Gemengenaarbechter, 950 privat Sécherheetsleit souwéi 860 Leit zesummegestallt aus Pompjeeën a Secouristen am Asaz. Mat der sougenannter Weiberfastnacht fänkt jo all Joer zu Köln de Stroossekarneval un. Héichpunkt sinn d’Rosenmontagszüge e Méindeg. Op Äschermëttwoch ass déi geckeg Zäit dann och nees eriwwer.