All Joer komme Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen aus ville verschiddene Stied zesummen, dëst Joer zu Oochen.
Den éischten Dag vun der REEL (Réunion européenne des etudiants luxembourgeois) zu Oochen stoung eng Partnerfoire um Programm an den zweeten Dag ass et du bësse méi labber, mat Teambuilding weidergaangen.
Tenue correcte war um Samschdeg ugesot, Sneaker waren net erlaabt. Am Paltong an am laange Rack hunn d'Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen e Samschdeg de Moien den drëtten Dag vun der REEL ugefaangen. Am Fokus stoung d'Politik, esou d'Leny Nickels, Presidentin vum REELs Comité.
"An deen drëtten Dag ass dann hei déi grouss Journée politique, wou mir dann och lauter verschidden Invitéen alueden, wou et dann haaptsächlech ëm eist Theema geet, vun der REEL, dëst Joer Gerontokratie an Zukunftsfäegkeet vu Lëtzebuerg. An do hu mir dann ëmmer Invitéen an da maache mir Diskussiounsronnen."
Gerontokratie, also d'Regierung vun der eelerer Gesellschaft, ass d'Haapttheema vun der REEL dëst Joer. Zesumme mat Politiker a mat Hëllef vu Workshops, konnten d'Studenten a Studentinnen sech iwwert dëst Thema austauschen. Den CSV'Fraktiounschef Laurent Zeimet war do an huet der jonker Generatioun e puer Wieder mat op de Wee ginn: "Virun allem net d'Flemm kréien an de Courage hunn, sech ze engagéieren an och d'Liewen ze genéissen."
Nieft der schéiner Tenue, hunn d'Studenten an d'Studentinnen och vill Motivatioun an Engagement matbruecht. Am Kader vun der Journée politique konnte si an ënnerschiddleche Workshops matmaachen.
"Mir sinn hei am Workshop 'Schoul an Educatioun' an ech hu mir dee rausgesicht, well ech fir Primärschoulsjoffer léieren an dat voll mäin Themeberäich ass, dee mech interesséiert. Well et ass interessant, mol och een Austausch ze kréie mat Leit, déi net am Domaine dra sinn."
Ronn 120 "REELaner“, also Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen aus 20 verschiddene Stied, hunn dëst Joer de Wee bis op d'REEL zu Oochen fonnt.